Ararat

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Disambig.svg Dës Säit beschäftegt sech mat dem Bierg Ararat. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Ararat (Homonymie).
Geographesch Koordinaten:
De Groussen an de Klengen Ararat vun Osten hier

De Bierg Ararat, och Groussen Ararat genannt, op assyresch Urartu; Kurdesch Çiyayê Agirî / Shaxi Ararat, Tierkesch Büyük Ağrı Dağı, Armenesch Մասիս (Masis) oder Արարատ (Ararat), ass en net méi aktive Vulkan am Oste vun Anatolien, no bei der Grenz mat Armenien a mam Iran, a mat 5.137 Meter iwwert dem Mieresspigel den héchste Bierg an der Tierkei.

Den Nopeschbierg, de Klengen Ararat (Tierkesch: Küçük Ağrı Dağı, Armenesch Սիս), ass 3.896 m héich. Déi zwéi Bierger gehéieren zanter 2004 zu engem Nationalpark.

Mythos[änneren | Quelltext änneren]

Der Legend no soll d'Arch vum Noé no der Sintflut op deem Bierg hänke bliwwe sinn (Gen. 8.4).

Et ass d'Nationalsymbol vun den Armenier, déi bis zum Vëlkermuerd un den Armenier 1915 haaptsächlesch ronderëm de Bierg Ararat gelieft hunn. E war am Wope vun der Armenescher SSR an ass och am Wope vun Armenien dran. Zu Sowjetzäiten hat d'Tierkei dogéint protestéiert, datt am Wopen e Bierg wier, deen op tierkeschem Territoire wier. De sowjeteschen Ausseminister Gromyko huet doropshi g'äntwert; d'Tierken hätte jo och d'Moundséchel an hirem Fändel, obwuel weeder de Mound nach Deeler dovun der Tierkei gehéiere géifen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ararat – Biller, Videoen oder Audiodateien