ArcelorMittal Orbit

Vu Wikipedia
Den ArcelorMittal Orbit
Den Anish Kapoor, Designer vum Tuerm

Den ArcelorMittal Orbit ass een 115 Meter héijen Aussiichtstuerm am Olympiapark zu Stratford, London. Dës stole Skulptur ass dat gréisst Konschtwierk, dat a Groussbritannien am ëffentleche Raum steet, an ass geduecht, eng dauerhaft Erënnerung un d'Olympesch Summerspiller 2012 ze bleiwen.

Den Tuerm gouf tëscht dem Olympiastadion an dem Aquatics Centre opgeriicht. Vun zwou Aussiichtsplattformen um Tuerm aus kann een iwwer dee ganzen Olympic Park kucken.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Oktober 2008 hunn de Buergermeeschter vu London Boris Johnson an d'Olympia-Ministesch Cecil Balmond en Design-Concours ausschreiwe gelooss, fir een op d'mannst 100 m héije markanten Tuerm am Oympiapark opriichten ze loossen.

Am Oktober 2009 huet eng Jury vun 9 Leit aus de 50 Entwërf de Gewënnerprojet Orbit vum Kënschtler Anish Kapoor an dem Ingenieur Cecil Balmond bekannt ginn. De Lakshmi Mittal, räichste Mann aus Groussbritannien a President vun ArcelorMittal, huet sech mat 16 Millioune Pond um Projet bedeelegt, déi reschtlech 3,1 Mio vum am Ganzen 19,1 Millioune Pond deieren Tuerm komme vun der London Development Agency. Den Haaptsponsor huet dann och däerfen den Numm vu senger Firma offiziell un den Tuerm drunhänken.

De Bau huet am November 2010 ugefaangen, a genee 1 Joer drop war d'maximal Héicht erreecht. Den Orbit besteet aus 1.400 Tonne Stol dee bal all aus de Stolwierker vun ArcelorMittal uechter d'Welt hier ass. 300 Tonnen dovu sinn aus recycléiertem Stol vun ArcelorMittal Esch-Belval.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: ArcelorMittal Orbit – Biller, Videoen oder Audiodateien