Arnold Mylius

Vu Wikipedia
Arnold Mylius
Gebuer 16. Oktober 1540
Gestuerwen 17. November 1604
Köln
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Editeur


Den Arnold Mylius, gebuer de 16. Oktober 1540 zu Vryemoersheim[1] (Friemersheim)[2] an der deemoleger Grofschaft Moers (nl: Meurs), verstuerwen de 17. November 1604[3] zu Köln, war en Drécker a Buchhändler, deen zu Köln etabléiert war.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Säi Papp war den Herman Mylius a seng Mamm d'Marguerite von Werdt. No senger Schoulzäit huet den Arnold Mylius sech un d'Typographie ginn.[1] Hien huet zu Antwerpen an der Filial vun der "Birckmannsche Buchhandlung" vu Köln geschafft, déi hien no enger Zäit als Geschäftsführer a Vertrauensmann vun den Ierwe Birckmann geleet huet.

Aus reliéise Grënn, wéi et schéngt, ass hien op Köln geplënnert an huet do eng jonk Fra aus der Famill Birckmann, d'Barbara Birckmann, bestuet. Si ass de 24. Abrëll 1596 gestuerwen. D'Koppel hat dräi Kanner: Arnold, Marguerite an Herman.

De Mylius hat d'Familljegeschäft iwwerholl an a sengem Haus eng Dréckerei opgemaach, déi eng grouss Renommee krut. De Mylius huet sech um ëffentleche Liewe vun der Stad Köln bedeelegt an huet et bis zum Senator vun der Stad bruecht. No sengem Doud ass de Mylius an der Sankt-Peter-Kierch zu Köln begruewe ginn. Wéi d'Épitaphe op sengem Graf seet, ass säi Fils Arnold him net laang duerno, de 7. September 1605, an d'Graf nokomm.[1]

Den Arnold Mylius ass den Auteur vum Index vun den anticken a rezente geographeschen Nimm an dem Abraham Ortelius (1527-1598) sengem Atlas Theatrum Orbis Terrarum, deem seng éischt Editioun 1570 zu Antwerpen erauskoum. An de Bibliographië gëtt dësen Index dacks ënner dem Titel Locorum geographicorum nomina antiqua et recentia[4] gefouert. Déi genee Formuléierung konnt vun enger Editioun vum Atlas zur anerer alt emol liicht änneren.

De Mylius huet och e Buch mat de Portraite vun de polnesche Prënzen a Kinneken (mat engem Begleettext) verfaasst, dat hie 1594 zu Köln publizéiert huet.

Seng Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Antiqua regionum, insularum, urbium, oppidorum, montium, promontoriorum, sylvarum, pontium, marium, sinuum, lacuum, paludum, fluviorum et fontium nomina recentibus eorundem nominibus explicata, auctoribus quibus sic vocantur adjectis Arnoldo Mylio autore. In: Abraham Ortelius: Theatrum orbis terrarum. Antverpiae: Apud Aegid. Coppenium Diesth, 1570. [1] Kuck: image 128.
  • Synonymia locorum geographicorum, sive antiqua regionum... urbium... nomina, recentibus eorundem nominibus explicata... a Arnoldo Mylio. In: Abraham Ortelius: Theatrum orbis terrarum. Antverpiae: Apud Aegid. Coppenium Diesth, 1571.[5]
  • Synonymia locorum geographicorum sive antiqua regionum... urbium... nomina... recentibus eorundem nominibus explicata... a Arnoldo Mylio. In: Abraham Ortelius: Theatrum orbis terrarum. Antverpiae: Apud Aegid. Coppenium Diesth, 1573.[5]
  • Locorum geographicorum nomina antiqua et recentia, cum commentario. Colonia Agrippina 1594.
  • Principum et regum Polonorum imagines ad vivum expressae, quibus adjecte sunt breves singulorum historie et res praeclare gestae. Colonia Agrippina (Köln), 1594 [2]

De vermeinlechen Diddelenger[änneren | Quelltext änneren]

An enger bio-bibliographescher Aarbecht vum Professer Jean Neumann aus dem Joer 1856 geet rieds vun engem Arnould Mylius, Drécker zu Köln, do gestuerwen de 17. November 1604 an Auteur vu Locorum geographicorum nomina antiqua et recentia. Et handelt sech also evidenterweis ëm deen uewe beschriwwenen Arnold Mylius, mat franséischem Virnumm. Mä et gëtt ee bedeitenden Ënnerscheed, well den Neumann schreift, den Arnould Mylius wier vun der Famill vun de Myliusse vun Diddeleng a warscheinlech de Brudder vum bekannte Jean (Johannes) Mylius, deen zu Diddeleng op d'Welt komm ass.[6] Den Auguste Neyen (1860), de Jean-Baptiste Douret (1870) an de Martin Blum (1902ss) iwwerhuelen dës Theorie, nennen de Mann awer Arnoul Mylius.[7] Den Douret seet an enger Foussnott, "Hartzheim (Bibliotheca Coloniensis)[8] fait naître Arnoul Mylius à Meurs", ouni awer selwer drun ze gleewen.

Wéi den Neumann (anscheinend als éischten) op d'Iddi komm ass, den Arnold Mylius wier zu Diddeleng gebuer an dem Jean (Johannes) Mylius säi Brudder, léisst sech net méi novollzéien. Aus de Prozessakte ronderëm dem Johannes Mylius seng Ierfschaft geet ervir, dat säi Papp, de Jakob, och Mülheuser genannt, a seng Fra Margrethe dräi Kanner haten: de Johan(n), de Barthel an d'Anna.[9] Do ass keen Arnold, Arnould oder Arnoul dobäi! Domat fält d'Hypothes, den Arnold Mylius wier dem Jean Mylius säi Brudder, an et gëtt och keng aner Spuer, déi hie mat Diddeleng oder Lëtzebuerg a Verbindung géif bréngen.[10]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, Martin, 1902-1932. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, 700 S. (Arnoul Mylius: S. 148-149).
  • Diderrich, E., 1923. Der Autor Arnold Mylius (†1604) nicht Luxemburger. In: Ons Hémecht 1923, S. 361-362.
  • Douret, Jean-Baptiste, 1870. Imprimeurs luxembourgeois à Cologne. In: Le Bibliophile belge, 5e année, Bruxelles, S. 106-112.[3]
  • Douret, Jean-Baptiste, 1895: Imprimeurs luxembourgeois à Cologne. In: Annales de l'Institut archéologique du Luxembourg (Arlon), 30 (1895), S. 1-11 (betr.: Henri Mameranus, Materne Cholinus, Arnould Mylius).
  • Hartzheim, Josephus, 1747. Bibliotheca Coloniensis, in qua vita et libri typo vulgati et manuscripti recensentur omnium archi-dioeceseos Coloniensis: ducatuum Westphaliae, Angariae, Moersae... indigenarum et incolarum scriptorum. Praemittitur chorographica descriptio omnium parochiarum ad archidioeceseos Coloniensis hierarchiam pertinentium... Accedunt vitae pictorum, chalcographorum, & typographorum celebrium nostratium. Coloniae Augustae Agrippinensium: Sumptibus Thomae Odendall. (Arnoldus Mylius: S. 328). [4]
  • Merlo, J.J., 1886. Artikel „Mylius, Arnold“ in: Allgemeine Deutsche Biographie, herausgegeben von der Historischen Kommission bei der Bayerischen Akademie der Wissenschaften, Band 23 (1886), ab Seite 138, Digitale Volltext-Ausgabe in Wikisource, URL: [5] (Version vom 1. Januar 2010, 10:51 Uhr UTC)
  • Neumann, J., 1856. Les auteurs luxembourgeois. In: Programm, herausgegeben am Schlusse des Schuljahrs 1855-1856 / Königlich Grossherzogliches Athenäum zu Luxemburg = Programme, publié à la clôture de l'année scolaire 1855-1856 / Athénée royal g.-d. de Luxembourg. - 1856. - P. 1-45.
  • Neyen, Auguste, 1860. Biographie Luxembourgeoise. Histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Tome 1. Luxembourg, P. Bruck, 480 S. (Arnoul Mylius: S. 478). [6]
  • Paquot, Jean-Noël, 1768. Mémoires pour servir à l'histoire littéraire des dix-sept provinces des Pays-Bas de la Principauté de Liège et de quelques contrées voisines. Tome second. Imprimerie académique, Louvain. (Arnold Myl, ou Mylius: S. 270). [7]
  • van der Aa, A.J., 1969: Biographisch woordenboek der Nederlanden. Reprint: Amsterdam 1969. (Arnoldus Mylius of Myl: S. 376). (Fir den Text kuck: [8]).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Paquot 1768.
  2. Merlo 1886.
  3. Beim van der Aa 1852 steet als Doudesdatum de 16. November 1604, en Datum, déi warscheinlech falsch ass.
  4. Cf. Neumann 1856, S. 18.
    Cf. Merlo 1886.
  5. 5,0 5,1 BookButler (Arnold Mylius). 2010-01-02. Archived by WebCite®
  6. Neumann 1856, S. 18.
  7. Neyen 1860, S. 478.
    Douret 1870, S. 111.
    Blum 1902ss, S. 148.
  8. Hartzheim 1747.
  9. J. Flies: Der Johannisberg. Zur Geschichte seiner Landschaft bis 1815. Éditions Émile Borschette, Christnach 1991, S. 1404.
    J. Hess: Johannes Mylius von Düdelingen. In: Harmonie municipale Dudelange, 1896-1971. Dudelange 1971, S. 168s.
  10. Kuckt och: Diderrich 1923.