Arrondissementer am Departement Loire-Atlantique
Ausgesinn
D'Departement Loire-Atlantique besteet aus véier Arrondissementer mat follgenden Haaptuertschaften: Ancenis, Châteaubriant, Nantes a Saint-Nazaire.
Déi véier Arrondissementer sinn:
- Arrondissement Ancenis
- Arrondissement Châteaubriant
- Arrondissement Nantes
- Arrondissement Saint-Nazaire
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]- 1793 gëtt d'Departement Loire-Inférieure mat néng Distrikter gegrënnt, an zwar: Ancenis, Blain, Châteaubriant, Clisson, Guérande, Machecoul, Nantes, Paimbœuf a Savenay.
- 1800 ginn d'Distrikter duerch fënnef Arrondisemenrer ersat: Ancenis, Châteaubriant, Nantes, Paimbœuf a Savenay.
- 1868 gëtt d'Ënnerprefecture vu Savenay op Saint-Nazaire verluecht.
- 1926 ginn d'Arrondissementer d'Ancenis a Paimbœuf suppriméiert.
- 1942 gëtt d'Arrondissement Ancenis restauréiert.
- Den 9. Mäerz 1957 gëtt d'Loire inférieure a Loire-Atlantique ëmgedeeft.