Association des Luxembourgeois aux universités de Strasbourg

Vu Wikipedia

D'Association des Luxembourgeois aux Universités de Strasbourg, kuerz ALUS, ass de Veräi vun de Lëtzebuerger Studenten zu Stroossbuerg.

De Veräin, deen 1972 gegrënnt gouf, huet 2014 eng 200 Memberen an ass domat, nom Bréisseler CELB, deen zweetgréisste lëtzebuergesche Studenteveräin.

D'ALUS ass Member vun der Association des cercles d'étudiants luxembourgeois (ACEL).

Zil vun der ALUS ass et senge Membere bei Froen iwwer de Studium, de Logement, oder soss "Studentesches" an der Universitéitsstad Stroossbuerg Äntwerten ze ginn.

Donieft organiséiert d'ALUS eng Rei kulturell an aner Aktivitéite fir hir Memberen, sou virun allem:

  • den Niklosrallye, ëm d'Zäit vu Kleeserchersdag;
  • d'Visite vum Europaparlament; d'Visite gëtt vun engem vun deene sechs lëtzebuergeschen Europadeputéierte guidéiert;
  • d'Route du vin, all Kéier um Enn vum Unisjoer; dësen Ausfluch féiert bei zwéi verschidde Wënzer op der elsässescher Route du vin.

De Storchi[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2011 huet d'ALUS e Maskottchen, de Storchi. Et ass e Wäisse Stuerk, well dësen dacks am Elsass ze fannen ass an domat och e Symbol fir d'Elsass ass. De "Storchi" mécht an de sozialen Netzwierker Propaganda fir d'Aktivitéite vum Studenteclub.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]