Astrofotometrie

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Astrofotometrie ass d'Léier, déi sech dermat beschäftegt d'Hellegkeet vun de Stären an hir Variatiounen ze moossen an domat och hir Gréisst festzestellen.

D'Hellegkeet vu Fixstäre fir d'Bestëmmung vun hirer Gréisst gouf schonn 1925 vum schwedesch-däneschen Astronom Svante Elis Strömgren a sengem Buch Die Haaptprobleme der modernen Astronomie beschriwwen.

Aarte vun Astrofotometrie[änneren | Quelltext änneren]

Et ënnerscheet een dräi verschidden Aarte vun Astrofotometrie. Jee no Gebrauchszweck respektiv gewolltem Fuerschungsresultat gëtt entweder déi visuell Astrofotometrie, déi fotografesch Astrofotometrie oder déi fotoelektresch Astrofotometrie benotzt.

Zweck[änneren | Quelltext änneren]

Wichteg ass bei deene verschiddenen Aarten de Fuerschungszweck, d'Ermëttele vun der Stärenhellegkeet. Allgemeng ass haut d'fotoelektresch Astrofotometrie am Gebrauch, well sech duerch d'Bäischalte vu verschiddene Faarffilteren zousätzlech Asiichten iwwer de physikaleschen Zoustand vun de Stären erkenne loossen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie