Astron (Satellit)
Ausgesinn
| Astron | |
|---|---|
| Typ | Weltraumteleskop |
| Land | Sowjetunioun |
| Apogeum | 191.944 km |
| Perigeum | 12.254 km |
| Bunnschréi | 60,7° |
| Mass | 3500 kg |
| Moossen | 6 m Längt |
| Bunn-Ëmlafzäit | 5925 min[1] |
| Start | 23. Mäerz 1983, 12:45 UTC |
| Startplaz | Baikonur LC200/39 |
| Drorakéit | Proton-K/D-1 307-01 |
| Status | am Orbit, deaktivéiert |
Den Astron war e sowjetesche Weltraumteleskop. Säin Asazgebitt waren Ultraviolett- a Röntgenfotoen. E gouf den 23. Mäerz 1983 mat enger Proton-Rakéit an den Orbit geschoss. Seng staark elliptesch Ëmlafbunn als Highly-Elliptical-Orbit-Satellit (HEO) hat dofir gesuergt, datt den Astron zu 90 % vun der Zäit baussenzeg vum Äerdschiet an der Stralungsceinture war. De Satellit war 6 Meter laang, war am Ganzen 3.500 kg schwéier a war op der Designerbasis vun der Venera-Raumsond opgebaut.
Den Astron gouf sechs Joer laang bedriwwen a war zu senger Zäit dat gréisst Ultraviolettteleskop am Weltraum.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) NASA: Informatiounen iwwer den Astron-Satellit
- (en) Encyclopedia Astronautica: Astron
