Atomkraaft? Nee Merci

Vu Wikipedia
Lëtzebuergesch Versioun vum Logo

De Logo Atomkraaft? Nee Merci, och nach bekannt als Sonn déi laacht, ass de bekanntste Logo vun der Antiatomkraaftbeweegung.

Elaboratioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Iddi fir de Logo hat déi deemools 21 Joer al dänesch Studentin Anne Lund am Mäerz 1975. No Gespréicher mam Søren Lisberg, engem aneren Aktivist, huet si am Abrëll 1975 mat enger orangescher Wuessfaarf den éischte Logo mam Originalsproch "Atomkraft? Nej tak" gezeechent. Déi éischt 500 Ustiechbuttone mam Logo haten op der Manifestatioun fir den 1. Mee 1975 vill Succès. Zil vum Logo war et zu där Zäit, an der ugespaanter Ausernanersetzung iwwer Atomkraaft zur Frëndlechkeet opzeruffen; de Schrëftzuch huet deementspriechend keng Fuerderung ausgedréckt, mä eng Fro ("Atomkraaft?") mat enger héiflecher Äntwert ("Nee Merci"). Et handelt sech ëm en einfachen, liicht erëmzeerkennende Logo, deen eng Alternative zur Atomkraaft weise soll (d'Sonn).

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

Scho bis 1977 waren eleng vun den Ustiechbuttone ronn eng Millioun Exemplarer a 16 Länner verkaaft ginn. D'Auteursrechter louchen zu deem Zäitpunkt bei der dänescher Antiatomkraaftorganisatioun Organisationen til Oplysning om Atomkraft (OOA) vu Kopenhagen. Schonn e puer Joer méi spéit war de Logo an iwwer 40 national a regional Sproochen iwwersat ginn a milliounefach verbreet. Vun 1975 bis 1985 huet eleng d'OOA 36 Millioune Verkafsartikel mat der Sonn déi laacht produzéiert (Badgen, Stickeren, T-Shirten...). No der Katastroph vu Fukushima krut d'Antiatomkraaftbeweegung neie Schwong an de Logo ass haut an iwwer 50 Sproochen disponibel.

Den Originalentworf ass zanter 2003 am däneschen Nationalmusée, an och a grousse Muséeën zu Berlin, Amsterdam a London si Versiounen ze fannen. Zanter 1975 ass een e puer Meter héicht Exemplar un enger Hausmauer zu Aarhus, an eng baskesch Grupp Biergsteiger huet e Fändel mat der baskescher Versioun vun der Sonn déi laacht um Mount Everest placéiert.

D'Motiv ass am Harmoniséierungsoffice vun der Europäescher Unioun als Mark agedroen. Ëmweltorganisatiounen, déi de Logo wëlle benotzen, mussen eng Lizenz bei der dänescher Stëftung géint Atomkraaft kafen. All Revenuë ginn a Projete vun der Antiatomkraaftbeweegung investéiert.

De Logo a verschiddene Versiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Smiling Sun – Biller, Videoen oder Audiodateien