Atompilz

Vu Wikipedia
Den Atompilz vun Nagasaki aus enger B-29 Superfortress, déi an der Attack dobäi war, fotograféiert

En Atompilz entsteet, well d'Hëtzt, déi bei der Explosioun vun enger Atombomm entsteet, d'Loe vun der Atmosphär verschidde verformt.

Am Moment, wou d'Bomm explodéiert, gi 15 % vu senger Energie als radioaktiv Stralung fräigesat, 35 % sinn Hëtzt a 50 % sinn d'Schockwell, déi sech mat méi wéi 1.000 km an der Stonn vun der Explosiounsplaz ausbreet an alles op hirem Wee ewechraséiert. An der éischter Mikrosekonn vun der Explosioun gëtt d'Loft duerch déi staark Röntgen-Stralung erhëtzt. Doduerch entsteet eng gliddeg Loftblos, déi en Duerchmiesser vun engem Kilometer huet an e puer Millioune Grad warem ass.

Well déi warem Loft méi liicht ass wéi déi kal, geet dës Feierbull an e puer 10tel Sekonnen an d'Luucht a mécht e staarke Loftstroum, deen alles, wat e bei der Explosioun op Stëbs reduzéiert hat, mat sech an d'Luucht zitt. Doduerch entsteet de "Still" vum "Champignon".

Dëse Still entsteet an der Troposphär, der ënneschter Lo vun der Atmosphär (bis 15 km Héicht), wou d'Temperatur 6 °C pro Kilometer ofhëlt. Doriwwer – tëscht 18 a 50 km, an der Stratosphär – ginn d'Temperaturen erëm mat der Héicht an d'Luucht a leien tëscht 0 a 27 °C. Et ass tëscht dësen zwou Loen, wou den "Hutt" vum Champignon entsteet.

D'Feierbull huet sech ofgekillt an huet net méi genuch Energie fir weider an d'Luucht ze goen a sech an der Stratosphär nach weider an d'Längt ze zéien. Si geet elo no de Säiten eraus a sou entsteet den Hutt vum Champignon, éier d'Material sou wäit ofgekillt ass, datt et lues a lues eroffält.

Et muss een heibäi soen, datt d'Form vum Champignon net onbedéngt vun enger Atombommenexplosioun muss kommen. Eng Explosioun mat cheemeschen Explosiver an der selwechter Stäerkt, hätt de selwechten Effet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Atompilzer – Biller, Videoen oder Audiodateien