Atomprogramm vum Iran
Mam Atomprogramm vum Iran gouf schonn 1959 ugefaangen. Duerch d'Islamesch Revolutioun an den Éischte Golfkrich goufen d'Aarbechten ënnerbrach. De 4. September 2011 ass zu Buschehr deen éischte Kärreakter fir d'Energieversuergung un d'Netz gaangen – et existéieren donieft awer nach e puer Fuerschungsreakteren. Dem Iran gëtt zanter kuerzer Zäit virgeworf, d'Entwécklung vun Atomwaffen unzestriewen, wat allerdéngs vun iranescher Säit zeréckgewise gëtt; et gëtt betount, d'Atomenergie nëmme fir friddlech Zwecker auszenotzen. An de Medie gëtt op d'Ausernanersetzunge wéinst den ongekläerten Ziler, déi den Iran mat sengem Atomprogramm verfollegt, dacks mam Ausdrock Atomsträit mam Iran agaangen.
Geschicht[änneren | Quelltext änneren]
Obwuel den Iran dat Land ass mat de weltwäit zweetgréisste Reserven u fossilen Energiequellen ass (Pëtrol an Äerdgas zesummegeholl), gouf schonn an de 60er Joren iwwer hir begrenzt Quantitéit nogeduecht. Den deemolege Schah Mohammed Reza Pahlavi selwer koum zur Conclusioun, datt Pëtrol ze kostbar wier, fir e fir d'Energiegewënnung ze verbrennen.