Aube (Floss)
Ausgesinn
|
| |
| Längt | 248,3 km |
|---|---|
| Debit | 41 m³/s |
| Fläch vum Anzuchsgebitt | 4.595 km² |
| Leeft an | Seine |
|
| |
|
| |
D'Aube ass e franséische Floss. Se ass ee vun de 4 gréissten Nieweflëss vun der Seine, déi ongeféier an déi selwecht Direktioun leeft.
D'Aube entspréngt am Departement Haute-Marne, bei Praslay, op enger Héicht vun 380 m. Se leeft a Richtung Nordweste bis op Montigny/Aube, dann no Norden op Bar-sur-Aube, déi gréisst Stad op hirem Laf. Da leeft se nees nordwestlech, dann nord-nordëstlech, fir hanner Marcilly-sur-Seine an d'Seine ze lafen.
No hir ass d'Departement Aube genannt.
Nieweflëss
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Aube River – Biller, Videoen oder Audiodateien |
