Op den Inhalt sprangen

Audi

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer eng Entreprise ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Audi
Typ Aktiegesellschaft (Däitschland)
Grënnungsdatum 1909
Grënner August Horch
Sëtz Ingolstadt
Besëtzer Volkswagen AG
President Martin Winterkorn
Generaldirekter Gernot Döllner
Mataarbechter 84.435
  (31. Dezember 2015)
Ëmsaz 48.800.000.000 Euro
  (2019)
Branche Automobilindustrie
Homepage https://www.audi.com
Audi A6 C8 zënter 2018)
Den Haaptsëtz vun Audi zu Ingolstadt

Audi ass eng däitsch Autosmark, déi hiert Haaptwierk zu Ingolstadt huet. Et ass eng vun de Marke vun der Volkswagen AG.

Den Numm ass e Wuertspill, mat deem den August Horch 1910 d'Markerechter vu senger éischter Entreprise A. Horch & Cie. Motorwagenwerke Zwickau ëmgoe konnt, nodeems en déi am Sträit verlooss hat: Audi ass déi laténgesch Iwwersetzung vum däitschen Imperativ "Horch!".

1928 hunn d'Zschopauer Motorenwerke J. S. Rasmussen AG d'Audi GmbH iwwerholl, a wéi déi 1932 nach aner Autoswierker geschléckt hat a sech dunn Auto Union AG genannt huet, do koum de Logo mat de véier Réng op: all Rank stoung fir eng vun deene véier Marken déi d'Auto Union ugebueden huet. Spéider huet Audi dee Logo fir sech aleng geholl.

 Commons: Audi – Biller, Videoen oder Audiodateien