Audit

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Audit ass eng grëndlech a systematesch Iwwerpréiwung vun den Aktivitéiten oder Prozesser vun enger Organisatioun, zum Beispill enger Entreprise, enger Stëftung oder enger Associatioun. D'Zil ass et erauszefannen, ob déi Aktivitéiten oder Prozesser deenen entspriechen, déi geplangt waren oder am Viraus etabléiert goufen, an ob se effikass an effizient implementéiert goufen, sou datt déi viséiert Ziler erreecht gi sinn.

Et ënnerscheet een tëscht engem internen an engem externen Audit:

  • den internen Audit gëtt vu Leit duerchgefouert, déi an der selwechter Organisatioun schaffen
  • den externen Audit gëtt vu Leit duerchgefouert, déi net an der selwechter Organisatioun schaffen, dat heescht, déi onofhängeg vun hir sinn.

Donieft gëtt et verschidden Zorte vun Auditen:

  • E Finanzaudit kontrolléiert an evaluéiert déi finanziell Situatioun vun enger Organisatioun.
  • En organisationellen Audit kontrolléiert an evaluéiert d'Prozeduren an d'Ofleef an enger Organisatioun fir hir Stäerkten, hir Schwächten a méiglech Dysfonctionnementer z'identifizéieren. Dofir ginn d'Auditeure mam Auditrapport och en Aktiounsplang mat Virschléi fir d'Verbesserung of.[1]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. groupe-fiba.fr: Audit d'organisation et de performance