Auronzo di Cadore

Vu Wikipedia


Auronzo di Cadore
Land Italien
Regioun Venetien
Provënz Belluno
Koordinaten 46°33'4,162"N, 12°26'34,940"O
Fläch 220,65 km²
Awunner 3.063 (1. Januar 2023)
Héicht 866 m
ISTAT 025005
Vue op Auronzo di Cadore an de Stauséi Santa Caterina

Auronzo di Cadore ass eng italieenesch Gemeng an der Provënz Belluno an der Regioun Venetien.

Zu der Gemeng gehéiert déi kleng Uertschaft Misurina beim Misurinaséi, an nach 16 aner Uertschaften, an der italieenescher Verwaltungssprooch Frazione (Fraktiounen) genannt. Et sinn dat: Auronzo selwer - Casa San Marco - Case Orsolina - Cella - Cima Gogna - Cosderuoibe - Fienili Tarlisse - Giralba - Palus San Marco - Piazza del Gobo - Reane - Rifugio Auronzo - Rifugio Bosi - Riziò - Somprade - Villapiccola.

Op der Grenz vun der Gemeng leien d'Biergspëtzen Tre Cime de Lavaredo, déi mat iwwer 2900 Meter zu den héchsten an den Dolomitten zielen.

D'Uertschaft Auronzo läit um lénksen Uwänner vum Stauséi Santa Caterina am Dall vum Floss Ansiei.

Den S.S. Lazio huet zu Auronzo säi Summertrainingscamp éier d'Championnat ufänkt.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Calalzo di Cadore, Comelico Superiore, Cortina d'Ampezzo, Danta di Cadore, Dobbiaco, Domegge di Cadore, Lozzo di Cadore, San Vito di Cadore, Santo Stefano di Cadore, Sesto, Vigo di Cadore.

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Leit aus der Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Auronzo di Cadore vun den Tre Cime de Lavaredo aus gesinn. Hannen am Bild de Monte Brentoni.
Commons: Auronzo di Cadore – Biller, Videoen oder Audiodateien