Misurinaséi

Vu Wikipedia
Misurinaséi
Verwaltung
Land Italien
Géigend Dolomitten
Verwaltungseenheet Venetien
Länner um Uwänner Italien
Geographie
Koordinaten 46° 34’ 55’’ N 12° 15’ 13’’ O
Fläch 15 ha
Déift (Maximum) 5 m
Héicht. i. M. 1.754 m
Hydrographie
Zoufloss Ansiei
Ausfloss Ansiei

De Misurinaséi (ital. Lago di Misurina) ass e Séi an den Dolomitten an der Provënz Belluno an Italien. E läit op enger Héicht vun 1.756 Meter an et kënnt ee vu Südwesten dohi vu Cortina d'Ampezzo aus iwwer d'Regionalstrooss SR48, déi iwwer de Passo Tre Croce féiert, an da vun der Kräizung fir op Auronzo di Cadore iwwer d'Provënzstrooss SP49. Vun Norde kënnt een dohi vun Toblach am Pusterdall iwwer d'Staatsstrooss SS51 an no der Kräizung zu Carbonin iwwer d'SS48Bis duerch den Dall Popena bassa.

Ronderëm de Séi leien d'Biergmassiver vun den Tre Cime, dem Monte Piano, vun der Cardini-Grupp an dem Monte Cristallo. Am Süde leien d'Massiver vun der Marmarole a Sorapsis. Laanscht de westlechen Uwänner vum Séi stinn e puer Hoteller.

De Séi ass maximal 5 Meter déif, an huet eng Fläch vu ronn 14 ha. Vun der Südspëtz bis zur Nordspëtz miesst e ronn 1 Kilometer an déi gréisst Breet ass 350 Meter.

De Misurinaséi vun den Tre Cime aus gesinn.