Autospabeieren

Vu Wikipedia
En Etui mat engem Deel vun den Autospabeieren

D'Autospabeiere sinn Dokumenter déi all Chauffer bei sech muss hunn, wann hie mat engem Gefier op der ëffentlecher Strooss ënnerwee ass. Bei enger Kontroll vun der Police, der Douane asw. muss e se presentéiere kënnen.

Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg zielen zu den Autospabeieren (offiziell (fr)documents de bord) follgend Dokumenter[1]:

  1. Dem Chauffer säi Fürerschäin oder Ausbildungszertifikat fir dat jeeweilegt Gefier;
  2. de Carnet de stage esoulaang de Chauffer vun der Fürerschäiklass A2, A oder B nach am Stage ass;
  3. de Carnet de période probatoire esoulaang de Chauffer nach an enger Proufzäit ass[2], nodeems hie säi Fürerschäin z. B. ofgeholl kritt hat;
  4. d'„Gro Kaart“;
  5. den europäesche Konformitéitszertifikat;
  6. d'Attestatioun vun der Assurance („Gréng Kaart“), datt d'Gefier verséchert ass;
  7. d'Steiervignette;
  8. de gëltegen Zertifikat vun der obligatorescher technescher Kontroll oder eng Konformitéitsvignette fir déi Gefierer déi net ënner déi obligatoresch technesch Kontroll falen;
  9. d'Attestatioun iwwer d'Modifikatioun oder d'Transformatioun am Fall wou eppes un den techneschen Eegenschafte vum Gefier g'ännert gouf;
  10. déi néideg Dokumenter déi fir Gefierer déi geféierlech Gidder transportéieren, virgesi sinn;
  11. déi néideg Dokumenter déi fir Gefierer déi verdierflech Wueren transportéieren, virgesi sinn;
  12. d'Qualifikatiounskaart vum Chauffer oder en anert Dokument dat beleet, datt de Chauffer vu gewësse Gefierer fir de Gidder- oder Persounentransport, déi néideg Qualifikatioun huet;
  13. d'speziell Autorisatiounen déi vum Transportminister ausgestallt ginn.

Gouf een Dokument beschiedegt, zerstéiert, verluer oder geklaut oder ass et net méi ze liesen, da muss de Besëtzer oder Chauffer dofir suergen, datt et ersat gëtt.

Militärgefierer[änneren | Quelltext änneren]

Wann en Zaldot mat engem Militärgefier ënnerwee ass, muss hie follgend Dokumenter bei sech hunn[3]:

  1. säi gëltege Militärfürerschäi fir dat jeeweilegt Gefier;
  2. en Dokument mat de charakteristeschen Donnéeë vum Gefier.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Art. 70 vum Arrêté grand-ducal
  2. Art. 2 vum Gesetz
  3. Art. 71 vum Arrêté grand-ducal