Backwaters
Ausgesinn

D'Backwaters sinn e Netz vu Waasserstroossen am Hannerland vun der Küst vu Malabar am südindesche Bundesstaat Kerala. Si gi vu Kochi am Norde bis op Kollam am Süden an hunn eng Fläch vun am Ganzen 1900 km².
D'Backwaters bestinn aus 29 méi grousse Séien a Lagunen, 44 Flëss a ronn 1500 km zum Deel natierlechen, zum Deel kënschtlech amenagéierte Kanäl.
Dee gréisste Séi ass den 83 km laange Vembanadséi, deen zum Arabesche Mier hin op ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]![]() |
Commons: Backwaters – Biller, Videoen oder Audiodateien |