Arabescht Mier

Vu Wikipedia
D'Arabescht Mier

D'Arabescht Mier (op Arabesch: بحر العرب Baḥr al 'Arab; op Farsi:دریای عرب; op Urdu: ‏بحیرہ عرب; op Hindi: अरब सागर) ass en Deel vum Indeschen Ozean tëscht der Arabescher Hallefinsel an dem Har vun Afrika am Westen, dem Pakistan am Norden an Indien am Osten. Am Nordweste ass et iwwer de Golf vum Oman mam Persesche Golf verbonnen an am Südweste verbënnt de Golf vun Aden d'Arabescht Mier mam Roude Mier.

Länner, déi um Arabesche Mier leie sinn d'Malediven, Indien, Pakistan, Oman, Jemen a Somalia.

De gréisste Floss, deen an d'Arabescht Mier fléisst, ass den Indus.