Op den Inhalt sprangen

Bakongo

Vu Wikipedia
Déi ongeféier Verdeelung vun de Bakongo um afrikanesche Kontinent

D'Bakongo oder d'Kongo sinn e Vollek an Afrika. Si liewen haaptsächlech am Weste vun der Demokratescher Republik Kongo an der Republik Kongo, am Süde vu Gabun an dem Norde vun Angola. An der angolanescher Exklav Cabinda si si d'Majoritéit.[1]

D'Majoritéit vun de Bakongo schwätzt Kikongo, och wann deels ganz ënnerschiddlech Dialekter.

Am Kinnekräich Kongo, dat tëscht dem 14. an dem 18. Joerhonnert existéiert huet, waren d'Bakongo déi gréissten Awunnergrupp.

Commons: Bakongo – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. minorityrights.org: Angola - Bakongo and Cabindans (gekuckt de 17. Oktober 2017)