Bascule

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Eng al Bascule fir Gefierer
De Mechanissem vun ënnen

Bascule ass e franséischt Wuert dat sech an der lëtzebuergescher Sprooch agebiergert huet, an eng Wo bezeechent. D'Wuert dat am Franséischen nach vill aner Saache bezeechent, gëtt am lëtzebuergesche gebraucht bei elektresche Schaltungen (do awer och FlipFlop genannt), a fir Woen déi grouss Chargen, wéi Gefierer oder schwéier Päck ze weien hunn.

Den Numm vun der Wo kënnt duerch den Hiewelsystem mat deem se funktionéiert an dee basculéiert.

Basculë fir Gefierer ware fréier an all grousser Uertschaft ze fannen, wou Material am Lassenen op Camionen ëmgeluede gouf. Mat dem Verschwanne vun den Eisebunnsstrecke an duerch den direkte Camionstransport si se méi rar ginn. Et fënnt en der awer nach iwwerall do wou Camione musse gewie ginn, wéi a Steekaulen, an Häfen, a verschiddentlech nach op Garen, oder bei Kuelenhändler.

Fir d'Moosse vun de Charge beim Verluede méi einfach ze maachen, a fir eng direkt Kontroll ze hunn, gi Basculen och direkt a Krane mat agebaut, oder si kënnen tëscht dem Seel vum Kran an der Charge agehaange sinn. D'Elektronik erliichtert bei deene modernen Apparaten d'Ofliesen an dat direkt Enregistréieren op e Recheprogramm.

Déi bekanntst Bascule ass wuel déi, déi op de Millen an op Bauerenhäff gebraucht gouf fir Fruucht oder Miel a Gromperen ze weien.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Basculen – Biller, Videoen oder Audiodateien