Benotzer:De witzegen raoul

Vu Wikipedia

D'Aide à l'enfance de l'Inde et du Népal (AEIN) ass eng Netregierungsorganisatioun, an ass domat och net op e Gewënn ausgeriicht. D' AEIN gëtt vun dräi stännegen an zwanzeg aktive Volontairen an dräi verschiddenen Aarbechtsgruppen verwaltet (Projeten, Bewosstsinn, Kommunikatioun).

Zënter 1967 ass d'AEIN an Indien aktiv an iwwer déi leschten zwanzeg Joer huet se hir Interventiounen am Nepal och erweidert.

Momentan, ënnerstëtzt d'AEIN méi wéi 20 Entwécklungsprojete dank engem jäerlechen Budget vu bal 1,3 Mio.€ an se féiert och Sensibilitéitsaktivitéiten an Lëtzebuerg.


Ziler vun der AEIN[änneren | Quelltext änneren]

-)AEIN wëll fir eng méi gerecht Gesellschaft an Indien a Nepal bäidroen

-)Sie wëllen och fir méi gerecht Bezéiungen tëscht den Länner aus dem Norden (also di räich Länner) an den Länner aus dem Süden (arm Länner) suergen.

Eis Aktivitéiten a Projeten[änneren | Quelltext änneren]

AEIN handelt haaptsächlech als net-Regierungsorganisatioun (ONG) déi privat an ëffentlech Fongen ënnerstëtzt fir Projeten ze finanzéieren déi an Indien an am Nepal vun lokalen Organisatiounen entwéckelt a implementéiert ginn. AEIN weist verschidden Facetten vun der indescher a Nepali Gesellschaft a weist datt eis wirtschaftlechen Modell, Tendenzen an eisen Verbrauch d'Liewensbedingungen an den Länner aus dem Süden (arem Länner) beaflossen.

Projeten an Indien[änneren | Quelltext änneren]

-)Programm fir Liewensmëttelversuergung ze sécheren[änneren | Quelltext änneren]

Hiert Zil: D'Quantitéit erhéijen an d'Qualitéit vun der Liewensmëttelversuergung förderen ann dat mat engem Budget vun approx. 39.166 € vun welchen den AEIN 7.883,20 € privat recoltéiert huet .Den Ausseminister vu Lëtzebuerg huet sech och nach engagéiert pro agesammelten Euro vun der AEIN och nach 4 € zousätzlech ze kofinanzéieren. Den Projet gouf am Abrëll 2018 implantéiert an bleift bis Mäerz 2020.

-)Programm vum 'développement rural intégré pour les villageois d'origine tribale'[änneren | Quelltext änneren]

Hiert Zil: D'Verbesserung vun de Gesondheets- a Ernährungsdéngschter vun den indigen Stämm, virun allem fir d'Behandlungsmethoden vun den Tuberkulosepatienten ze verbesseren an deenen indigenen Stämm bewosst ze maachen dass si hir Problemer schon eleng léisen kennen, an dass si hir Identitéit an hir Rechter och verdeedegen kënnen. An dëst mat engem Budget vun ca. 42468 € di vum Ausseminister kofinanzéiert goufen. Den Projet gouf am Abrëll 2017 implantéiert an huet bis Mäerz 2018 gedauert.

-) Liewenskonditiounen am ländlechen Gebiet dank d'Verbesserung vun landwirtschaftlech Methoden[änneren | Quelltext änneren]

Hiert Zil: D'Produktivitéit vun den landwirtschaftleche Systemer verbesseren, den Haushaltsakommen erhéijen an Aarbechtskonditiounen souwuel an- wie och ausserhalb den Bauerenhäff. Dëst gouf erméiglecht dank dem Kofinanzement vum Ausseminister deen hinnen een Budget vun ca. 57.070 € accordéiert huet. Dës Interventioun huet vun Abrëll 2017 bis Mäerz 2018 gedauert.

-)Campagne fir all den Kanner d'Bildungsrecht ze secheren[änneren | Quelltext änneren]

Hirt Zil: D'Rechter vun de Kanner an 50 Dierfer ze garantéieren, andeems all d' Kanner an den Schoulsystem integréiert ginn an Implantatioun vun enger lokaler Beweegung, fir d' Kannerrechter ze verdeedegen. Dëst gouf nees zum Deel wengst deenen vum AEIN recoltéierten Fongen an enger Kofinanzéierung vum Ausseministere erlaabt. Budget vun 82.110€ vun deenen 16.422 vum AEIN stamen an den Recht vum Ministaire finanzéiert gouf. Si gouf am Abrëll 2018 implantéiert an soll bis Mäerz 2021 daueren.

-)Bildung, Gesondheets- an Sensibiliséierungsprogramm[änneren | Quelltext änneren]

Hiert Zil: Bäidroen zur Fuerderung vun Bildung/Gesondheet/Kanner-an Fraerechter, virun allem fir d'"Devadasi" an den Slums an méi aarm Dierfer ze beschützen. Devadasi sinn Fraen an Meedercher di vun hiren Famillen als Prostituéierter am Alter vun 10-13 Joer engem Mann verkaf ginn wouduerch sech hiert Famill en séchert Akommes garantéiert. Devadasi-Affären sinn an Indien een vun den gréissten Grënn fir d'HIV-Verbreedung.

Dei lokal indesch Jonkengroupementen sinn och an direkter Relatioun iwwert Skype an Schüleraustausch mat Schüler vum Lycée Aline-Mayrisch, wat duerch d'AEIN facilitéiert gouf an zur Sensibiliséierung hëllefen soll.

Den Budget fir dës Interventioun en Kollaboratioun och mam Alyne Mayrisch war 59.260 € vun deenen 11.852 vun den Donen di d'AEIN krut, stamen. Den Recht gouf vum Ausseminister donéiert.Si gouf am Abrëll 2018 agefouert an dauert bis Mäerz 2019.

-)Gesondheets-sozialen Programm fir d'indigene Stämm

Hiert Zil: D'Verbesserung vun de Gesondheets- a Ernährungsdéngschter vun den indigenen Stämm, virun allem fir d'Behandlungsmethoden vun den Tuberkulosepatienten ze verbesseren an deenen indigenen Stämm bewosst ze maachen dass si hir Problemer schon eleng léisen kennen, an dass si hir Identitéit an hir Rechter och verdeedegen kënnen. Also genau di selwecht Missioun wie den "Développement rural intégré pour les villageois d'origine tribale".

Dës Interventioun huet ee Budget vun 36.125 € di vum Ausseminister an vum AEIN finanzéiert goufen. Si huet am Abrëll 2018 ugefaange an soll bis Mäerz 2019 daueren.

Projeten am Nepal[änneren | Quelltext änneren]

-)Fuerderung vun den Gesondheets-an Bildungsrechter an Verbesserung vum Alldag vun den Raute(Lescht Nomaden am Nepal)[änneren | Quelltext änneren]

Hiert Zil: Erhalen vun der Router Kultur duerch d'Verbesserung vun der Gesondheet, der Erzéiung an d'Fuerderung vum Entrepreneursgeescht am Raute-Vollek. D'Entwécklungshëllef zielt 155 Männer, Fraen a Kanner an der Raute Communautéit. Den Budget vun dësem Asaatz louch bei 22.179€ kofinanzéiert vum Ausseminister. Si huet am Juli 018 ugefaange an soll bis Dezember 2020 daueren.

-)Ennerstëtzungsprogramm fir sexuell mëssbrauchten Fraen wärend dem nepaleseschen Zivilkrich(1996-2006)[änneren | Quelltext änneren]

Hiert Zil: D'Kapassitéit vun den Fraen stäerken fir hir Rechter ze sécheren, andeems en fir en séchert Ëmfeld vun dësen Fraen suergt.

Den Budget vun dëser Interventioun louch bei 67.117 € di vum Ausseminister kofinanzéiert goufen. Si huet sech iwwert d'ganzt Joer 2018 erstreckt.S

-)Sozial Mobilisatioun vun den Fraen,den Kanner an de Jonker[änneren | Quelltext änneren]

Hiert Zil: zur Verbesserung vun der sozio-ekonomescher a medezinescher Situatioun vun de Fraen, der Erzéiung vun de Kanner an der sozialer Positioun vu jonke Leit suergen.

Den Budget läit bei 53.500 € di vum Ausseminister kofinanzéiert goufen, an déi Aktioun wäert vun Januar 2018 bis Dezember 2020 daueren.

-)Programm fir eng nohalteg Agrarpolitik an eng Garantie vun enger Liewensmëttelversuergung[änneren | Quelltext änneren]

Hiert Zil: Kapassitéitsteigerung vum Haushalt  fir méi Ressourcen ze produzéieren fir déi éischt Besoine vun de Familljen ze erfëllen an d'finanziell Stabilitéit vun de Famillen och wärend Zäiten vum wirtschaftleche Stress ze erhalen.

Dëst war eng vun den opwennegsten Interventiounen vun der AEIN an deen Budget louch bei 122.563 €, deen zum gréissten Deel vum Ausseminister kofinanzéiert gouf. Si huet sech iwwert d'ganzt Joer 2018 erstreckt.

-)Entwécklungsinitiativ fir Fraen, Kanner an Jugendlecher[änneren | Quelltext änneren]

Hiert Zil:Eng konstant Entwécklung ze erméiglechen andeems si d'Konditiounen vun den Fraen, Kanner an Jugendlecher verbesseren.

De Budget deen d'AEIN zur Verfügung hat an deen vum Ausseminister kofinanzéiert gouf ass 69.691,44 €, ann dei Aktioun huet d'ganz Joer 2018 gedauert.

Populatiounen déi aus dem AEIN sengen Interventiounen profitéiért[änneren | Quelltext änneren]

-)Défavoriséiert Sozialklassen

-)indigen Stämm

-)Baueren

-)Fraen

-)Kanner an Jonker

Interventiounszonen fun der AEIN[änneren | Quelltext änneren]

-)Rechter

-)Ëmwelt an Landwirtschaft

-)Bildung an Formatioun

-)Akommen

-)Gesondheet

Memberen vum Administrationenrot[änneren | Quelltext änneren]

Presidentin: Liliane Ries-Leyder

Vize-President an Sekretär: Julien Vinciotti

Trésoriers: Berthy Braun-Ludwig et François Oth

Memberen: Kathy Ludwig, Roger Molitor, Gérard Pfeiffer et Françoise Wagner