Benotzer:Pierel vum Da

Vu Wikipedia

D'Pierel vum Da freet sech, datt et eng Wikipedia op Lëtzebuergesch gëtt, a freet sech, firwat der net méi hei matmaachen. Am Ländche lafe se jo mat den Honnertdausenden hin an hier, d'Sproochverdeedeger, d'Sproocherhaler, d'Sproochopdenhänndroer, d'Sproochfreaken, d'Sproochdixionnärmaacher, d'SechopregerdattamLändchennetgenuchlëtzebuergeschgeschwatgëtter, d'Däitschsproochegwikipediamataarbechterdéimathiremschlechtendäitschhiertnachméischlechtlëtzebuergschtverstoppewëllender an déi Aner.

  • Datt hei mol keen engem Moie seet, wonnert mech net. Mat den Hänn an der Täsch kann ee kengem d'Hand ginn.
  • Just dat Beleidegtefuerzmarkéieren an dat Dommheetsverstoppsgebluffs (Wann elo een et besser wees wéi en Aendokter) géif mer op de Sak goen, wann ech een hätt. Pierel vum Da