Benotzer Diskussioun:Pierel vum Da

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moie, Pierel vum Da,

flott, datt s de hei matschaffe wëlls! Ët si knapps 5 Minutten hir, datt's de der eng Säit zougeluecht hues, sou datt et, déit ech soen, nëmmen normal ass, datt keen der bis elo Moie soe kunnt. Wat dann awer heimatt geschitt ass ;-)

Wann s de Froen hues, looss kommen (mee du schéngs dech jo schonns mat der Wikipedia, op d'manst däer däitschsproocheger, auszekennen), mer hëllefe gär.

op eng gutt Zesummenaarbecht, --Zinneke 12:04, 12 Oktober 2007 (UTC)


Copie vum Talk Weeschësser[Quelltext änneren]

Gudde Moien

Eng kleng Information zum Artikel

Dësen Artikel gouf gëschter vun enger IP ugefaangen. De Moien hunn ech geduecht et wier gutt wa mer de wëssenschaftlechen Ausdrock dofir géife wëssen an hu bei engem Aendokter nogefrot.

Ech krut do als Äntwert Chalazion.

No dem Talk hei, ech hat dommerweis net éischter Zäit ewéi no 4 Auer haut de Mëtten, hunn ech den Dokter nach eng Kéier kontaktéiert, an him gesot datt hie mer de falsche medezinneschen Numm ginn hätt, un Hand vun de Kontestatiounen hei am Artikel.

Hien huet mir doropshi konfirméiert datt hien haut de Moien effektiv e bësselche séier geäntwert hat an datt de richtegen Numm hordeolum ass.

Ee Merci un de User:Pierel vum Da Les Meloures 15:10, 12 Oktober 2007 (UTC)