Benotzer Diskussioun:Daat Schlecht Gewessen
Les Meloures 14:00, 26. Jun. 2008 (UTC)
- Zur Begréissung dann och direkt eng Fro:
- Wou soll dat KZ zu Däitsch-Oth gestanen hunn? Ech gleewen och kaum datt et ee KZ war. Op dëser Lëscht hunn ech näischt esou fonnt. Sinn déi schlecht informéiert, oder hu mir e Schlecht Wëssen. Les Meloures 14:00, 26. Jun. 2008 (UTC)
- Et schéngt awer e Bausselager vum KZ Natzweiler-Struthof do gewiecht ze sinn: "Audun-le-Tiche (Deutschoth) - Außenlager des Konzentrationslagers Natzweiler-Struthof, Nebenlager von Longwy-Thil" Quell --Fliedermaus 14:32, 26. Jun. 2008 (UTC)
- Et muss een dozou soen, datt d'Arbed zu deer Zäit och net grad gemat huet wat se wollt, de Stol huet missen an Däitschland verkaaft ginn an och an de Gallerië si Krichsgefaangener vun de Preisen agesat ginn. --Otets 22:35, 26. Jun. 2008 (UTC)
- Zu Thil war en Aarbechts- a Gefaangenelager vun Aarbechter, déi an enger Galerie zu Thil Deeler vun der V1 a V2 produzéiert hunn. D'Reschter vum Lager (niewent dem Kierfecht vun Thil) an d'Galeriesspaart kann een haut nach kucke goen. Et steet esou guer nach e Crematoire do, dee benotzt gouf fir verstuerwen Aarbechter ze "entsuergen". Kuckt emol hei an hei. --Pecalux 06:07, 27. Jun. 2008 (UTC)
Diskussioun op Diskussioun:Siderurgie zu Lëtzebuerg kopéiert, wou se higehéiert. ----Pecalux 09:34, 27. Jun. 2008 (UTC)