Benotzer Diskussioun:Jangli

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Cornischong 19:03, 25 Aug 2004 (UTC)

Interwiki Links[Quelltext änneren]

Ech krut follgend ganz nëtzleches Info op der franséischer Wiki matgedeelt:

Hello,

I noticed you are adding link to the lb: wikipedia. We have some bots around that take care of interwkis. Just be sure the link is on the english version of the article and our bot will automaticly add it :o))

Ashar Voultoiz|@ 27 aoû 2004 à 15:33 (CEST)

A titre info :)

Briséis 13:53, 27 Aug 2004 (UTC)

Moien. Hues de keng "lieweg" Fotoen iwwer den Handball. Déi Foto vum Goal (aus der spuenescher Wikipedia) ass net grad "terribel". --Cornischong 08:34, 6 Oktober 2005 (UTC)

Déi Foto vum Goal hunn ech aus der spuenescher Wikipedia. Luet se roueg erop; ech hunn zwar vun der Doud an der Däiwel Fotoen, mee Sportfotoen hunn ech "nach " keng. --Cornischong 12:04, 6 Oktober 2005 (UTC)

"Hu leider net extrem vill Zäit": Tjo, wa mer hei zu 300 Leit wieren, da géif et anescht fluppen. Mee um Ufank ass alles "quokeleg". Elo gesäit den Handballsartikel scho "ganz anescht" aus!! "Jiddereen no senge Méiglechkeeten". --Cornischong 12:36, 6 Oktober 2005 (UTC)

Wéi ass et mat Biller? An: Huet dat net och e lëtzebuergeschen Numm? Et war mer wéi wann.Merci am Viraus. --Cornischong 17:37, 6 Oktober 2005 (UTC)

Moien. Entschëlleg mech, dat mam "Numm" war e Mëssverständnes. Ech wollt froen, ob "Louvain-la-Neuve" net nach e "lëtzebuerger" Numm hätt (Bruxelles --> "Bréissel"). Et war mer, wéi wann ech mol een héieren hätt. Iwwregens ass d'Foto vum Handball ganz gutt, dat gëtt dee Sport nawell gutt erëm. --Cornischong 08:50, 7 Oktober 2005 (UTC)

Déi gutt an déi aner[Quelltext änneren]

Wat schléis de vir? (Ech si e bësse méi spéit nees hei). --Cornischong 18:15, 23 Oktober 2005 (UTC)

Moien, ech wollt mol froen, firwaat et lb.wikipedia.org an net lu.wikipedia.org ass. Schlieslech ass .lb fir den Libanon. Ech wees elo net ob ech bei dir richteg sin, mais du bass den eischten Benotzer deen ech hei fonnt hun. Merci Rom.

Moie Rom.
De Jangli ass hei e Strapp net méi aktiv, dofir Äntweren ech der op dëser Plaz.
Et ass "lb.wiki.org" an net "lu.wiki.org", well déi verschidde Sproochversioune vun der Wikipedia no Sproochen, an net no Länner spezifiéiert ginn. An de Sprooch-Code fir Lëtzebuergesch ass nun eemol "lb", an net "lu". Oder anescht ausgedréckt: 'T huet näischt mam Top-Level-Domän ze dinn (dee fir Länner ass).
--Zinneke 08:12, 17. Jun. 2008 (UTC)[äntweren]

PS: Ech kopéieren dëst op de Stamminet, d'Fro ass interessant fir d'Allgemengheet.

An der réih, ech son der villmools merci. :o)
Rom.

Ech gesinn et gëtt automatesch fier mech geäntwert. Waar och doriwer iwerrascht am Ufank... mee ech sinn derfier fier d'Standarden ze huelen, och wann een dann eben net de gewinnten lu huet.

Jangli

Moie Jangli. "Automatesch" net, mee well do een neien eng (intressant) Fro gestallt hat, an du virun 13 Méint laang net aktiv hei waars, hat ech alt g'äntwert, fir dass d'Fro net 'verluer' sollt goen. E schéinen Owend, --Zinneke 21:08, 5. Abr. 2009 (UTC)[äntweren]