Benotzer Diskussioun:Jeffant

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Cornischong 21:59, 27 Juli 2006 (UTC)

wéi kréien ech een opgeluedent bild an den Text? D'Hëllefssäiten soen dat net. (vum Jeffant)

Ech hunn der ee vun de Biller mol dragesat, als Beispill.

Kuerzerklärung: Am Artikel, an deen s de d'Bild wëlls drasetzen setzt de en duebelen Ufankscrochet "["; dann de ganzen Titel vum Bild (mat "Image"), an dësem Fall "Image:Jennifer 1.jpg", duerno de vertikale Stréch (mat "Alt + 124"), dann "thumb" (domat kriss de eng Rumm),dann ob d'Bild riets, Lénks oder an d'Mëtt kënnt ("left", "right" "center") duerno d'Gréisst, an dësem Fall "200px", an als lescht deen Text, deens de gär an d'Rumm ënner d'Bild wëlls. Tëscht all Eenzelnes kënnt nach de vertikale Stréch!! Ofspäicheren, fäerdeg. Ech hoffen, ech konnt der dat an e puer Sätz kloer maachen.
Eng Klengegkeet nach: Setz weg op den Diskussiounssäiten (net an den Artikelen) deng "Ënnerschrëft" mat zwou Tilden "~" an direkt hannendrun véier Bindestrécher "-". Wann s de nach eng Fro hues, looss se kommen. Wann ech d'Kéier kréien, da kucken ech och mol d'Hëllefssäiten no. --Cornischong 09:21, 28 Juli 2006 (UTC)

Lo hu mer zwéin Artikele fir déi gutt Fra. Eng Kéier den "Ida Faber-Hoesdorff" an eng Kéier "Ida Faber". Wat fir ee solle mer halen. Déi "aner" Sichméiglechkeet geet net verluer. Wann s de den Ida Faber gär léiss, da läschen ech den "Ida Faber-Hoesdorff". Ze fanne wäerten dann (nodeem sech e REDIRECT gemaach hunn) déi zwee sinn. D.h. et kann een ee vun den zéin aginn, da kënnt awer ëmmer de Richtegen. --Cornischong 09:27, 28 Juli 2006 (UTC)

De selwechte Probleem matt dem Lucien Wercollier:".jpg¦thumb¦200px¦Den_Här_Wercollier_a_séngem_Atelier" ass kee recommandéiert Billerformat.
Ugerode Billerformater si jpg/jpeg a png. Vun "http://lb.wikipedia.org/wiki/Special:Upload"


Just de contraire. Loost w.e.g. Ida Faber-Hoesdorff a läscht Ida Faber. Wat d'Biller ugeet muss ech nach struewelen, Op der Säit vun Ida Faber-Hoesdorff misst och d'Bild vum Jennifer verschwannen. Oder wär et mài einfach alles ze läschen an ech fänken erëm bei 0 unn?


Ass dat hei déi richteg Agab? Image¦Hiboux.jpg¦Alt+124¦thumb¦left¦200px Déi wollt ech fir "Jeannot Roller" eraginn an ech krut de Message d'Billerformat wär net gutt, ech soll jpg oder PNG gebrauchen. Dat hunn ech gemach, (ech hat souwisou jpg) fir deeselwechte Message erëm ze kréien.

De selwechte Probleem matt Ida Faber-Hoesdorff a matt Lucien Wercollier


".jpg‎_¦thumb¦200px¦Plage_belge_à_La_Panne" ass kee recommandéiert Billerformat.
Ugerode Billerformater si jpg/jpeg a png. Vun "http://lb.wikipedia.org/wiki/Special:Upload" ~~Jos----

Beim "Hiboux" stoung nach en ">" virdrun! An tëscht dem "Image" an "Hiboux" muss den Duebelpunkt stoe bleiwen. A bei der Gréisst stoung "none". Dat ass um Ufank alles e bësse friem; mat der Zäit wäert dat scho rullen. Fir z'ënnerschreiwe just déi zwou Tilden an (direkt hannendrun)déi véier "-" Da muss däi Wiki-Numm mat dem Datum erauskommen. Schreif mer mol watfir e Bild a watfir een Artikel komme soll, da setzen ech se dran. Nodreglech kanns de se nach réckelen oder méi grouss oder méi kleng maachen. --Cornischong 16:20, 28 Juli 2006 (UTC)

Villmools merci fir Är Hëllef. Ech probéieren fir den Artikel Ida Faber-Hoesdorff nach 2 Biller derbäi ze setzen: 1.St-martin 2.Wormeldange Fir Lucien Wercollier:d'Bild vum Lucien Wercollier (dans son atelier)

Nach eng Kéier Merci ~~""""

Bis op ee Bild ass alles OK. Bei Ida Faber-Hoesdorff wëll ech nach e Bild vu Wuermer /Wormeldange derbäi setzen. Och hei kréien ech dauernd de Message: ".jpg¦thumb¦300px¦center¦" ass kee recommandéiert Billerformat.
Ugerode Billerformater si jpg/jpeg a png. Vun "http://lb.wikipedia.org/wiki/Special:Upload"

Tip[Quelltext änneren]

Wanns de e Bild wëlls an en Artikel setzen, da muss de déi eenzel Formatbefehler mat engem " | " trennen a net mat engem " ¦ " . Fir ze ënnerschreiwen brauchs de nëmmen an der Zeil vun de Sonnerzeechen (ënnert der "Ännerekëscht" an iwwert der "Copyright-Këscht") daat läscht Sonnerzeechen unzeklicken. --Pecalux 17:03, 29 Juli 2006 (UTC)

vertikal strécher[Quelltext änneren]

Ech mengen, de Problem ass séier geléist: de verikale Stréch "an engem Stéck" an deen an "zwee Stécker" ass net dat selwecht. Ersetzt een am Artikel deen een duerch deen aneren, da geet et.

--Zinneke 17:03, 29 Juli 2006 (UTC)

Villmools merci! Et huet geklappt. --Jeffant 17:13, 29 Juli 2006 (UTC)

Bei Ida Faber-Hoesdorff hunn ech nach e Bild vu Wuermer /Wormeldange derbäigesat. Kann een dat net eropzéien, t¨rschent déi 2 aner? Merci--217.31.78.23 17:52, 29 Juli 2006 (UTC)

Ech hun deng Biller mol an eng Rei gesat. Ass dat OK esou? --Pecalux 07:30, 30 Juli 2006 (UTC)

Ganz OK. Merci! --217.31.78.23 07:37, 30 Juli 2006 (UTC)

Artikelformat[Quelltext änneren]

Moien,

et schéngt, du häss wëlles méi Artikelen iwwer Kënschtler ze schreiwen. Dat ass natierlech flott. Mee ier s De weiderfiers, kuck der vläit d'Format un vum Artikel iwwert d'Anne Pescatore, deen ech elo just e bësse "wikigerecht" ëmgerëscht hunn. Et wir flott, du kinns déi Formatéierung fir deng nei Artikelen iwwerhuelen - Einfgach cut-and-pasten. An natierlech wier e bësse méi Informatiounen wéi just den Etat Civil och wëllkomm ;-)

--Zinneke 15:43, 30 Juli 2006 (UTC)

Pierre Berchem[Quelltext änneren]

Salut, Den Artikel Pierre Berchem ass elo iwwerschafft gi, mee et feelt un Informatiounen. Weess du eventuell nach méi? Wou huet hie genau studéiert (Numm vun der Schoul oder Akademie)? Bei den Austellunge stinn nemmen d'Nimm vun de Stied, dat ass och e bëssi wéineg. Gëtt et soss näischt Intressantes iweert hien ze schreiwen? --Fliedermaus 15:53, 9 August 2006 (UTC)

Image:fresez-walferdange.jpg[Quelltext änneren]

Gudde Moien. Am Fresez-Artikel sollt e Bild dra sinn, an zwar "Image:fresez-walferdange.jpg". Dat schéngt awer nach guer net eropgelueden ze sinn. War do e Problem? --Cornischong 08:17, 3 September 2006 (UTC)

Lued se op d'Lëtzebuergesch Wiki dann ass de Probleem geléist op Commons kriss de nëmme Sch.... Les Meloures 12:22, 3 September 2006 (UTC)

Ech hunn op de Commons nogekuckt. Ech fanne kee Bild mat deem Numm. De Le Meloures huet absolut Recht; wa mer et "bei eis" hunn, da verschwënnt et net méi. Dee Commons-Kabes ass net nei! Lued et einfach hei erop. --Cornischong 13:13, 3 September 2006 (UTC)

Image:Fresez 001.jpg[Quelltext änneren]

Hei war de Problem: Du hues d'Bild "Image:Fresez 001.jpg" genannt, mee am Artikel steet "Image:fresez-001.jpg". Dowéinst war et net ze gesinn! --Cornischong 13:21, 3 September 2006 (UTC)

Merci fir Är Hëllef--Jeffant 16:28, 3 September 2006 (UTC)

Edmond Dune[Quelltext änneren]

1935 kritt hien d’Lëtzebuerger Nationalitéit. Wéi d’Lompe sténken, geet hien an d’Friemelegioun (1938-1943) ënner dem Numm Hugues Dardenne.

Ech verstinn do den Zesummenhank nët richteg. Waater Lompen hu gestonk. Wëll e Lëtzebuerger gin ass oder wéi ?? Les Meloures 20:51, 12 September 2006 (UTC)


Well et no Krich geroch huet.--Jeffant 08:19, 16 September 2006 (UTC)

Emile Angel[Quelltext änneren]

Salut, firwaat hues de déi foto sou wäit ënnendrënner gesaat, ass daat eng ganz bestemmten Absicht Les Meloures 16:31, 19 September 2006 (UTC)

Neen, einfach Ongeschécklechkeet.--Jeffant 13:10, 20 September 2006 (UTC)

Ok Merci fir d'Äntwert ech hu gesinn et huet schon een se geréckelt Les Meloures 14:01, 20 September 2006 (UTC)