Benotzer Diskussioun:Leihmutter
Moien,
Dir frot wéi Der mer enge E-mail schécke kéint: Einfach op menger Usersäit um lénkse Bord, an der "Geschirkëscht" (ënnert dem Feld "Sichen") de Link "Dësem Benotzer eng E-mail schécken" uklicken an do äre Message draschreiwen (an natierlech op "ofschécke" klicken). Well Der Iech eréischt viru kuerzem ugemellt hutt, kinnt et sinn, datt et e pue Stonnen dauert, bis dass Dir selwer vum System registréiert sidd an esou d'Emailfonctioun iwwer Wiki benotze kënnt.
Falls et deemno net klappt, einfach e bësse méi spéit nach eng Kéier probéieren.
A wann et näischt zevill Perséinleches ass, kënnt Der mer d'Fro och ënnen op meng Diskussiounssäit schreiwen. Ech äntweren Iech dann hei, oder iwwer E-mail (deen Der aktivéiert musst hunn); ganz wéi Der wëllt.
--Zinneke 13:42, 21. Jul. 2009 (UTC)
- Moien, wéi gesot, dee Link ("Dësem Benotze eng E-mail schécken") gëtt no enger gewësser Zäit aktiv, nodeems ee sech - wéi Dir - nei ugemellt huet. Dat geet automatesch. Wéi laang dat konkret dauert, weess ech net, mee wann Der dee Link net gesitt, heescht dat, datt de System Är Umellung nach net "verdaut" huet. Dat kënnt awer. Der musst natierlech selwer an Ären "Astellungen" (ganz uewe, riets) eng E-mails-Adress uginn hunn. Ech hunn emol en zousätzleche Link op meng Usesäit dobäigesat. Probéiert deen emol.
- Fir op Är Fro z'äntweren: Ech sinn effektiv ee vun den Adminnen hei op der Wiki. --Zinneke 09:36, 22. Jul. 2009 (UTC)
- PS: Liese kann ech Är E-mail awer eréischt méi spéit, well déi op engem anere Computer "ukënnt" wéi deem, wou ech momentan sinn. Hieft dofir wegl e bësse Gedold.
Betrëfft: Fichier:Carmen-Heyar--w.jpg
[Quelltext änneren]Gudde Moien, Leihmutter,
Du hues en anert Bild vun der Carmen Heyar eropgelueden an dësem Bild dee selwechten Titel ginn wéi dat fréiert Bild. Doduerch ass dat fréiert Bild, wat de Cornischong eropgelueden hat, iwwerschriwwe ginn an am Nirwana verschwonnen. Ech gleewe net dass de Cornischong doriwwer glécklech ass.
Du häss sollen dengem Bild en aneren Titel ginn an als solches an den Artikel abauen. Da wir dat aalt Bild wéinstens bestoe bliwwen, och wann et net méi am Artikel steet.
Watfir e Bild elo besser ass, dat wëll ech net kommentéieren. Du weess: "Les gouts et les couleurs ne se discutent pas", seet de Fransous. --Pecalux 06:23, 27. Jul. 2009 (UTC)
- Ech restauréieren d'Éischtversioun vum Bild, an nennen déi, déi viru kuerzem eropgeluede gouf, ëm an Fichier:Carmen-Heyar-2.jpg, well ech och keen Grond gesinn, firwat et soll geläscht ginn. Ech iwwerloossen et Leit, déi d'Mme Heyar kennen, ze jugéieren, wat fir eng Foto am meeschte Glach mat hir huet, an dofir an den Artikel soll kommen. --Zinneke 08:18, 27. Jul. 2009 (UTC)
Leihmutter: effektiv, des photo as vum Liesmarathon, 24.4.2008., sou, wéi och an der Zeitung vun hir eng photo am respektiven Artikkel (Lëtzebuerger Wort, 27. Abrëll 2009) iwwert de Liesmarathon war. 20:02, 28. Juli 2009 (UTC)