Op den Inhalt sprangen

Benotzer Diskussioun:Lynn

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Nach eppes: du hues virdrun déi Foto mat engem SAMU eropgelueden. Dat ass tipptopp, mee do ass just nach eng Saach: Et feelt, op der Fotos-Säit, eng Informatioun doriwwer, ween d'Foto gemaach huet, an ënnert wat fir enger Lizenz se verëffentlecht gëtt. Ech huelen un, se ass vun Där selwer. An deem Fall misst De den Text "*Fotograf: lb:user:Lynn; *Sujet: (Beschreiwung)" (eventuell mam Datum) dohinnersetzen. Da bleift nach d'Lizenz: am "einfachsten" ass d'GNU-FDL-Lizenz: domatter trëtts de all Rechter fir Weiderverwäertung un d'Allgemengtheet of (just d'Recht, als Auteur genannt ze ginn, bleiwt natierlech). Et ginn awer nach aner Méiglechkeeten, kuck emol d'SÄit Wikipedia:Biller.

Falls d'Foto net vun Dir wier, dann däerf se nëmme mat ausdrécklecher Autorisatioun vum Fotograf (an der Lizenz, déi hee gëtt) publizéiert ginn; alles anescht ass géint d'Wiki-Regelen.

Ech hoffen, ech hunn Dech domatter net zevill dronke gemaach; wanns de nach eng Fro häss, looss kommen!

Zinneke --Zinneke 12:27, 23 Mee 2006 (UTC)


Moien. Wat leeft eigentlech mat der Foto vum SAMU? --Cornischong 13:52, 26 Mee 2006 (UTC)

Ech erënnere mech nach un déi Foto vum SAMU vu virun e puer Méint. Do ass wochelaang hin an hier gedéngelt ginn well net derbäistoung, wie se gemaach hat. Dunn "op ee Mol" huet se nees missen erausgeholl ginn, ouni datt ee wousst wat do géif lafen. Elo hu mer et mat eng Foto ze dinn, déi e ferme Blostéch huet, an nees eng Kéier ouni Erklärungen eropgeluede gouf. Op der Eropluede-Säit ass erklärt, wat do néideg ass. --Cornischong 20:45, 8 November 2006 (UTC)