Benotzer Diskussioun:Mweltermc

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

(Adaptéierungen op Grond vum Virschlag fir d‘Säit ze läschen. Et ass keen Doublon, ma de Mike MC an de Mike Welter sin zwar eng an déi sewecht Persoun ma an der Ëffentlechkeet ënner zwee Nimm bekannt, verschidde Léit siche no DJ Mike MC si wëssen net datt daat de Mike Welter war esou wei daat och emgedréint de Fall ass.)

Dat ass keng Ursaach fir hei zwéin Artikelen unzeleeën.
Alles wat zu der Persoun ze soen ass soll an engem Artikel stoen. Wann déi Persoun ënner aneren Nimm bekannt ass, da gi Redirecten ugeluecht. Hei soll deen Numm am Lemma stoen ënner deem d'Persoun am meeschte bekannt ass. Sicht Iech een eraus als Haaptlemma. Denen anere gëtt dann als Redirect ugeluecht. --Les Meloures (Diskussioun) 18:43, 4. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

Ok merci fir dës Recommandatioun, ech géif da gären den DJ Mike MC als redirect op Mike Welter uléen an de Mike Welter géif ech dann an dem Sënn adaptéieren, wei soll ech do firgoën? --Mweltermc (Diskussioun) 10:46, 5. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

Moien,
Einfach alles wat am Artikel DJ Mike MC méi steet an deen aneren Artikel adaptéieren. Wann dat gemaach ass da gëtt den Artikel geréckelt.
Du hues och Biller eropgeluet vun deenen s du net den Auteur bass, an déi net relevant si fir den Artikel besser ze maachen. Loss déi am Beschten ewech well iwwer kuerz oder laang ginn déi op Commons geläscht. --Les Meloures (Diskussioun) 09:09, 5. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

Moien, ok maachen ech. Merci. --Mweltermc (Diskussioun) 11:31, 5. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

D‘Ännerungen sin elo gemaat. Aus der Säit kann elo e Redirect gemaat gin. --Mweltermc (Diskussioun) 11:55, 5. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]