Benotzer Diskussioun:Stereo

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien,

Ech hunn dee Link vun den Uertsnimm (wann ech dat schonn nëmmen héieren, well et sollen Nimm vun Uertschafte sinn an net vu Gott wees water Plazen (Uert=Plaz)) mol nees eraus geholl an dat aus méi Ursaachen:

1) ass déi Lëscht guer net sou offiziell wéi den LOD dat duerstellt,

2) entsprécht se net den allgemeng gebräichlechen Nimm well d'lokal Variante gebraucht ginn (an dat och nach net konsequent),

3) si weder den CPLL nach d'Gemengen 2001 mandatéiert gewiescht fir sou eng Lëscht z'offizialiséieren,

4) hunn duerno (2006) Membere vum CPLL aner Schreifweise benotzt

5) stëmmt se och net mat där vum Institut grand-ducal iwwereneen

4) passt se net an de Kontext vum Artikel well se näischt mam offizielle Regëster vum Kadaster ze dinn huet.

--Les Meloures (Diskussioun) 09:38, 7. Abr. 2017 (UTC)[äntweren]


Oups a mea culpa:
Ech hat de Link mat der Publikatioun vum LOD verwiesselt an hunn en nees zréckgesat.
Mä vu, datt dir iech derfir intresséisert ass déi Informatioun hei uewendriwwer trotzdeem valabel. Mir hunn och verschiddene politesche Responsablen dat selwecht matgedeelt. Mol kucke wat geschitt. --Les Meloures (Diskussioun) 09:53, 7. Abr. 2017 (UTC)[äntweren]

Moien, Firwat solle mir hei Redirecte mat falsche Schreifweise maachen, well eppes vu bausse verlinkt gëtt. Wier et net eventuell ubruecht datt déi vu bausse géifen hire Link änneren. D'Wikipedia ënnerläit net den Onméiglechkeete vun aner Websäiten. --Les Meloures (Diskussioun) 09:53, 12. Sep. 2020 (UTC)[äntweren]

Moien, normalerweis sinn ech ganz d'accord; di URL mat "Regel" (een E) gouf et virdrunn, a war breet verlinkt ginn. Schéi Gréiss, Guillaume -- Stereo (Diskussioun) 11:10, 23. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]
Wou dann z.B.? --Les Meloures (Diskussioun) 11:27, 23. Okt. 2020 (UTC)[äntweren]
https://spellchecker.lu/online-checker zum Beispill, de link "n-Regel" uewen. -- Stereo (Diskussioun) 23:52, 1. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]
Remoien, sou wäit wéi ech gesinn schéngt dat jo awer net méi de Fall ze sinn. MbG. --Les Meloures (Diskussioun) 07:46, 2. Nov. 2020 (UTC)[äntweren]

Dir sot: Wal ass de Fësch, Wahl ass fir Politik

Dozou ass ze soen dat d'Wale streng geholl keng Fësch sinn, an datt Wal op et lo fir dat eent oder dat anert steet, op Lëtzebuergesch d'selwecht geschriwwe gëtt. --87.65.83.203 11:55, 30. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]
Tatsächlech! Ech hunn ëmmer geduecht, et géif ee Wahlen schreiwe, fir di zwee net ze verwiesselen. -- Stereo (Diskussioun) 12:02, 30. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]
Eng kleng Hëllef:
1) D'Wale bei deene gewielt gëtt
2) D'Walen déi am Waasser sinn
3) D'Uertschaft wou d'Waler wunnen
--87.65.83.203 12:10, 30. Abr. 2021 (UTC)[äntweren]

Stroossennimm[Quelltext änneren]

An der Lëscht vun den Openstreet-Nimm steet Dräikantongsstrooss. Dat schéngt nach eng al Schreifweis aus dem Luxemburger Wörterbuch ze sinn. --87.65.83.203 09:55, 20. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]

Merci! Mir harmoniséieren dann op Dräikantonsstrooss. -- Stereo (Diskussioun) 14:41, 20. Jun. 2021 (UTC)[äntweren]