Benotzer Diskussioun:Wesleya

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

--Cornischong 01:43, 22 Abrëll 2006 (UTC)

Copyright op Fotoen[Quelltext änneren]

Moie Wesleya,

flott dass de an eisem Linguistiks-Rayon matschaffs. Do ginn et nach jett Atikelen, déi geschriwwe misste ginn, an deem Sënn sinn ech ge^spaant, wat nach nokënnt.

Just eng (mee eng wichteg) Saach: D'Wikipedia ass eng "fräi" Enzyklopedie, dh. déi Texter a Biller, déi do sinn, si fir jiddereen do, a jidderee kann dermatt maache, wat e wëll (esou laang en d'GNU-FDL-Lizenz respektéiert.

Dat heescht awer och, dass all Text an all Bild ënnert GNU-Lizenz stoe muss (respektiv - fir d'Fotoen - Domaine Public, wann den Auteur scho méi wéi 70 Joer dout ass). Bei deenen zwou Fotoen, déi s de eropgelueden hues, ass dat offensichtlech net de Fall. Dofir muss du (oder en aneren) déi Foto duerch eng selwergemaachten ersetzen, déi ënnert GNU-FDL stinn. Déi, wou d' Wort an d'Land (resp. hir Fotografen) de Copyright drop hunn, dierfen hei net stoe bleiwen, a musse geläscht ginn.

--Zinneke 20:08, 23 Abrëll 2006 (UTC)

Do ass eng "eppes" um Lafen. Nach ganz e bësse Gedold. --Cornischong 21:55, 23 Abrëll 2006 (UTC)

Palim palim, Merci fir déi Informatioun, mee ech hu fir den Artikel just d'Fotoe vum JeromeLulling.com senger Homepage gestibitzt, a well se do jo online sinn, missten se jo och Public Domain sinn? ... mee fir ganz sëcher ze sinn, einfach beim JeromeLulling.com nofroen? Den Här Lulling hat eis a sengem Owescours matgedeelt, datt nach keen Artikel vun him a vun hirem Spellchecker am Wikipedia drann ass, an dofir hunn ech dat elo mol gema. Di lëtzebuerger Sprooch intresséiert mech vill, mee 't ass eng Fro vun zäit ob ech nach vill kann hëllefen. Nach all Guddes fir äre Projet Wikipedia.

"well se do jo online sinn, missten se jo och Public Domain sinn?" - Fir dervun auszegoen, wann eppes op engem senger Homepage steet, da wier et "Public Domain", erfuerdert awer e kéngt Denken. (Well dat stëmmt hannen a vier net). Mee well den Här Lulling keen Onmënsch ass, wäert en eis net ëmbréngen. "'t ass eng Fro vun Zäit ob ech nach vill kann hëllefen": Dee Saz hunn ech schonns dacks héieren:-) --Cornischong 09:36, 30 Abrëll 2006 (UTC)
Wat de Cornischong a puncto "Online" an "Domaine public" seet, stëmmt natierlech. Ech ginn emol dervunner aus, dass den Här Lulling eis "net wäert ëmbréngen", wann eng Foto vun him, déi e selwer och scho publizéiert huet, hei steet. Mee hien ass nun eemol net de Fotograf. An deen huet Recht drop (an zwar e gehéieregt), iwwer d'Publikatioun vu senge Créatioune selwer ze bestëmmen (et sief, en huet dat Recht ofgetrueden -zB un d'Zeitung fir déi e schafft) - dann huet dee "Rechteinhaber" se). Dofir: Ouni Accord vum Här Wellschbillig oder dem Télécran oder wien och ëmmer d'Recht op deer Foto huet, muss déi leider hei erof.
Ech hu mech emol mam Här Lulling a Kontakt gesat, fir déi Saach do erëm op de Buedem vun der Legalitéit ze bréngen ;-) lb:user:zinneke 11:51, 8 Mee 2006 (UTC)
Dann hoffen ech mool, datt se mech nët an de Prisong ofhuelen?

Titelen / Wiki[Quelltext änneren]

Sali.

Ech hunn däin Artikel zu der Sproochecharta mol verwikit an op e Lëtzebuerger Titel geréckelt. Mir probéiere Lëtzebuerger Artikelnimm, wann se net ze absurd sinn, bäizebehalen (ok, wa lo ee ging kommen an de Film Scream als Jäiz drasetzen, dat wir zB absurd :-) ) Generell kann ee soen: bei Filmer/Bicher/Biller kucken den Originalnumm bäizebehalen, bei Stied a Leit den geleefegsten Numm (also Tréier an net Trier, Paräis an net Paris etc.)

Zu der Wikifizéierung: Wa méiglech (dat ass net bei all Artikel de Fall), kucken op déi aner Wikien en Artikel dozou hunn, an déi sougenannten Interwikilinks setzen, d.h. Linken op deeselwechten Artikel op enger anerer Wiki an enger anerer Sprooch (als Beispill ënnert den Text vum Artikel Paräis kënnt dann eng ganz Lëscht stoe mat [[en:Paris]], [[de:Paris]] etc. Am einfachsten ass et bei der englescher/franséischer oder däitscher ze kucken op si den Artikel hunn, dat sinn déi gréisste Wikien.

Voilà :-)

MfG, --Briséisβρισεισ 06:58, 16 Mee 2006 (UTC)

Merci fir d'Hëllef, mä wéi mécht een daat, fir 2 Titelen anzedroen (z.B. Bruxelles/Bréissel)?

mat schéine Gréiss, Wesleya

2 Titele gëtt et esou net. Wat et gëtt ass e Redirect. Soe mer zum Beispill et gëtt iergendeppes, wou 2 Schreifweise gëlteg sinn, oder wou méi Saachen op een an dat selwecht Thema féieren. Als konkret Beispill kromen ech ëmmer nees gäere mäi Favorit de Julius Cäsar eraus.

  • Fakt: De richtegen Numm ass Gaius Iulius Caesar
  • Fakt: All Mënsch nennt e Julius Cäsar (oder och Jules :))

Problem léist sech doduerch, dass een sech ee vun den Nimm als Haaptnumm aussicht a vun denen anere Schreifweisen/Ofweichungen e Redirect mecht. Dat geet esou:

Du mëss den Artikel XYZ op. Et ginn awer Leit déi schreiwen xyz (Grouss- a Klengschreiwung ass am Wiki-System net autmatesch dat selwecht). Wells de lo keng Loscht hues, an de sëllechen Artikele kucken ze goen, op de Link och op XYZ richteg ass, méchst de en neien Artikel mam Alternativnumm (an eisen Beispill xyz) op, a schreiws dodranner #REDIRECT [[XYZ]].

Ech hoffen dat war deng Fro :)

cool, merci, da probéieren ech dat mool.

--Briséisβρισεισ 15:40, 16 Mee 2006 (UTC)

Jérome Lulling[Quelltext änneren]

Firwat kënnt a quasi all Saz deens du schreiws den Numm "Jérome Lulling" (bis op eng Kéier natierlech "Astrid Lulling") vir? Fannen dat jo eng gudd Saach dass vill Informatiounen zur lëtzebuerger Sprooch an zu Leit déi vill fir eis Sprooch geschafft hunn op der Wikipedia ze fanne sinn, mee de Verdacht läit no dass du selwer de Jérome Lulling bass. Sollt dat de Fall sinn, da grenzt dat awer scho wierklech schon u Selbstpräsentatioun vun der schlëmmster Zort. Vläit leien ech och falsch an et kann ee mech opklären. Ech wier op allefall dofir dësem User seng Ännerungen all ze reviséieren an nees méi een neutrale Standpunkt hierzestellen. (An der Rei, als anonyme User hunn ech kee Recht esou eppes ze fuerderen, mee ech wëll dofir momenten emol net mäi richtege Benotzernumm hierginn). --88.207.226.0 17:45, 30 Juni 2006 (UTC)

Hus hu? Ganz intrigant. Wierklech. Allerdéngs hunn ech en anere Verdacht :-)) --Cornischong 19:00, 30 Juni 2006 (UTC)
De Jérôme Lulling kennen ech perséinlech duerch seng Schreifweis Owescoursen. D'Informatiounen iwwer hien hunn ech op senger Homepéitsch www.jeromelulling.com fonnt an och duerch E-Mail Kontakt, wou hien mech gefrot huet, ob ech och am Artikel iwwer seng Tatta eppes kéint änneren. Ass do elo iergendeppes Falsches geschitt? Iwwer de Michael Jackson hunn ech och een Artikel gemaach, mä de Michael Jackson kennen ech net perséinlech, mee ech war op sengem Concert zu Beetebuerg. Ass dat elo ok, kann ech nach hei am Wikipedia weiderschreiwen, oder gët nees alles geläscht, well ech hun wierklech probéiert, näischt Falsch ze man. Och mat der Schreifweis ginn ech mer Méi, mee dofir brauch ech nach oft de Spellchecker. - Wesleya
Et soll ee net zevill Wäert op IP-Matdeelunge leeën. "gët nees alles geläscht": Wéini ass hei "alles geläscht" ginn? "kann ech nach hei am Wikipedia weiderschreiwen": Ma natierlech. An iwwerhaapt: Den Artikel iwwer de "Jérôme Lulling" ass nach guer net komplett. Feelt do net de Gebuertsdag?? A Fotoë mat enger uerdentlecher Lizenz sinn néierens ze gesinn. Mee deeër sollen der ënnerwee sinn, hunn ech eppes matkritt. Feelt nach just eng vum 88.207.226.0 :-) --Cornischong 07:39, 4 Juli 2006 (UTC)
Merci fir déi Äntwert. Well ech mech net sou gutt mat Wikipedia auskennen, duecht ech, et géing elo vleit alles vu mir geläscht ginn. Mee et schéngt jo alles ok ze sinn. Tipp topp. Den Här Lulling huet mir säin Gebuertsdatum net gesot, hie mengt, dat wier Privatsaach. Mat der Photo, also déi ass och op senger Internetsäit, wann dir eng aner hut, ass och ok. Eng Foto vum 88.207.226.0 ? Firwaat net, gët hien oder hatt och Lëtzebuergesch Schreifcoursen?
E Wuert Erklärung: Wann an engem Artikel e Lemma (wéi an dësem Fall "Astrd Lulling") e puermol virkënnt, da gëtt et nëmmen déi éischte Kéier ageklamert. --Cornischong 16:36, 6 Juli 2006 (UTC)
Ok, merci fir déi erklärung, mee waat ass e Lemma?
E Stéchwuert an engem Noschlobuch. (Deng Kommentare häss de besser d'ënnerschreiwen! Du weess: zweemol - a véier Mol ~ --Cornischong 17:01, 6 Juli 2006 (UTC)

Ok, merci, mee wéi ennerschreiwt een? Lemma ass owa kee lëtz. Wuert, oder?

Fotosgedéngels[Quelltext änneren]

Gudde Moien. Wéi mer schonns op dëser Säit Rieds haten, ass an der Wikipedia verlaangt, datt bei de Bill steet 1. wat drop ass (an dësem Fall wier dat kloer) 2. wou se hierkënnt, d.h. wie se gemaach huet an 3. watfir eng Lizenz se huet. Lo daucht d'Groussherzog/Lulling Foto op an et steet nees näischt derbäi. Merci am Viraus. --Cornischong 09:25, 7 Oktober 2007 (UTC)


dat as eng Foto aus dem Privatarchiv vum Här Lulling, hien huet déi och op Picasaweb stoën, an hien hut mech gebiëden se ropzelueden.

http://picasaweb.google.com/luxdico/Lullingjerome/

Wat ass daat vu Licence? public domain? also ech gin jo gär méi am Wikiepida matman, mee dir sit aawer wierklech pingeleg, oder huet den Herr Justizminister friedenoch elo schonns e Gesetz iwwer Copyright am Wikipedia stëmmen gelooss?

Moien nach eng Kéier,
de Justizminister Frieden brauch kee "Gesetz iwwer Copyright am Wikipedia stëmmen ze loossen", Copyrightgesetzer (mat Betounung op Gesetzer) ginn et zënter Joeren op der ganzer Welt, esouguer zu Lëtzebuerg (dach, dach) an déi zielen iwwerall dat selwecht: Een, deen eppes schaaft (z.B. e Bild moolt, eng Statu meesselt, en Text schreift oder, dorëms geet et jo hei, eng Foto mécht), huet e Recht drop, datt hien oder si als Auteur genannt gëtt, an e Recht, kënne selwer ze bestëmmen, wat mat senger Creatioun geschitt (z.B. ë.a., ob e gär dofir entschiedegt gëtt, datt anerer Gebrauch vu senger Creatioun maachen, oder net, oder ob anerer iwwerhaapt Gebrauch dervu kënne maachen). Hei an der Wikipedia (do huet de Frieden näischt dermatter ze dinn, och net déi "Pingeleg" aus dem lëtzebuergeschen Ofleeër, mee de Comité vun der Wikimediafondatioun) sinn d'Spillreegelen esou, datt nëmme fräi Inhalter (steet grouss ënnert dem Titel) dierfe hei stoen. Dat heescht ëmgedréit, datt alles, wou den Auteur net ausdrécklech op d'Rechter op sengem Wierk verzicht, net dierf hei stoen.
Dofir: Dass eng Foto iergendwous steet, heescht net, dass se Public domain wier, et sief, den AUTEUR vun der Foto (oder deen, deen d'Autorerechter huet (eng Billergagence, eng Zeitung, ...)) huet dat ausdrécklech matgedeelt (e Commentaire vum Eroplueder, dee verséchert, de Fotograf hätt gesot, d'Bild kinnt fräi benotzt ginn, geet à la riguer och nach mat duerch). Soulaang dat net bei der Foto steet, dierf se hei net stoen.
Näischt fir ongutt, --Zinneke 22:50, 7 Oktober 2007 (UTC)
PS: En Tipp fir ze liesen: Artikelen iwwer wat Copyright genee ass, op der däitsch-, franséisch- oder [[engleschsproocheger Wiki (hei hat nach keen de laangen Otem, deen Artikel ze schreiwen).

____________________________

Et wier nawell net schlecht, wa jiddereen, deen hei schreift, mol ënnerschreiwe géif. Dat ass net gutt ze liesen. Dat emol zu der Form. --Cornischong 22:59, 7 Oktober 2007 (UTC) ____________________________

Sou, lo hunn ech emol nogefrot, wéi dat ass. Neen, neen, net beim Frieden. A wann dat kloer ass, huelen ech dem Groussherzog seng rout Aen aus der Foto eraus. --Cornischong 23:11, 7 Oktober 2007 (UTC)