Benotzer Diskussioun:Zinneke/Wosst Dir schonns

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Dat hei ass emol en Ufank vun enger Lëscht vun Teaseren, déi, wann et dat emol op der Haaptsäit sollt ginn, d'Rubrik "Wosst Dir schonns..." soll hëllefen z'alimentéieren.

Den Zweck vun esou enger Rubrik soll et sinn, Leit, déi op d'Haaptsäit kommen, virwëlzech ze maachen an en Abléck an d'Diversitéit vun Artikele ginn, déi et bis ewell gëtt.

Natierlech sollen och aner Sachgebidder wéi Luxemburgensia derbäikommen; a jiddereen ass invitéiert, eegener zesummen ze stellen, sou dass iwwert eng laang Zäit d'Haaptsäit a reegelméissegen Ofstänn mat Neiem ka gefiddert ginn - Wéi gesot: uewe steet "En Ufank", an et ass keng bestëmmt Logik derhannert.

Wann elo ee(nt) sech derzou sollt inspiréiert fillen, un der Haaptsäit ronderëmzebastelen, an se deenen an anere Sproochen unzepassen - tant mieux, ech gi mat deem Gekëschtels net esou eens.


--Zinneke 16:58, 17 August 2007 (UTC)

"ech gi mat deem Gekëschtels net esou eens": Ma ech sinn och ee vun deenen. A bis elo gëtt et menges Wëssens néierens eng Méiglechkeet, dat Bildungslach ze stoppen. Läit net do d'Kromm an der Heck? --Cornischong 22:07, 17 August 2007 (UTC)

Salut,

Fir esou eng Këscht bäizeflécken géif ech alt nach mat vill Méi ronn kréien. Fir engem ze erkläre wéi et geet, hunn ech och Problemer, well ech nëmme knäipe ginn a mech da mat Probéieren eruschaffen. Well ee Këschtespezialist sech schonns Méintelaang net mei weist, a well déi Fro vun de Këschte schonns virun e puer Méint eng Kéier gestallt gouf, a keng valabel Äntwert koum hu mer eis alt ëmmer mat Noutléisunge geplot. D'Resultat gesi mer jo elo. Déi Këschten hunn engem net gefall an elo gëtt alles nei gemaach. Et ass fir de Sout ze kréien.

Mee du kanns mer jo mol vläicht eng Skizz maachen e se mer da mailen. Da kucken ech wat sech maache léisst. Les Meloures 22:40, 17 August 2007 (UTC)