Bernard Neis
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Bernard Neis | |
|---|---|
| Gebuer |
19. Abrëll 1889 Manternach |
| Gestuerwen |
24. August 1967 Manternach |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Industriellen |
|
| |


De Bernard Neis, gebuer den 19. Abrëll 1889 zu Manternach[1], an do gestuerwen de 24. August 1967, war e lëtzebuergesche Industriellen.[2]
Liewen[3]
[änneren | Quelltext änneren]Hien hat eng Schlässerausbildung an huet an der Géisserei Max Duchscher-Wecker geschafft. 1919 huet hie bei sech doheem (A Schitz) zu Manternach domat ugefaangen, Dreschmaschinnen ze bauen. 1923 huet hien Am Buerfeld déi éischt Konschtruktiounshal fir landwirtschaftlech Maschinnen opgeriicht. 1939 an 1943 goufen dës vergréissert. 1948 hu 60 Leit do geschafft.
1960 war et eriwwer mat der Produktioun.
Erënnerung
[änneren | Quelltext änneren]Fir un de Bernard Neis z'erënneren, huet de Gemengerot vu Manternach decidéiert, d'Bernard Neis-Strooss zu Manternach[4] no him ze nennen.
2011 gouf och an der Syrdallstrooss eng Erënnerungsplaz un de Bernard Neis ageweit. Et ass dëst en hëlze Schapp mat enger Dreschmaschinn an engem Heebléiser aus dem Neis senger Produktioun.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Ateliers B. Neis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Ateliers B. Neis Manternach op industrie.lu (nogekuckt: 13.09.2024.).
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Familienstammbaum von Bernhard NEIS. Geneanet. Gekuckt den 21.11.2024.
- ↑ Quell, wou net anescht uginn, d'Stroosseschëld zu Manternach
- 1 2 Quell vun dësem Kapitel"Manternach: Denkmal für erfolgreichen Industriellen." mywort.lu, 07.10.2011 (nogekuckt: 13.09.2024).
- ↑ Manternach: Bernard Neis-Strooss. map.geoportail.lu. Gekuckt den 21.11.2024.
