Bhopal

Vu Wikipedia
Den Taj-ul-Masjid
De verloossene Site vun der Union-Carbide-Fabrick

Bhopal (op Hindi: भोपाल), genannt "Stad vun de Séien", ass eng Stad an Indien an Haaptstad vum Bundesstaat Madhya Pradesh. Se huet ronn 1,8 Milliounen Awunner (Vollekszielung 2011) a läit um ëstlechen Uwänner vun engem 361 Quadratkilometer grousse kënschtleche Séi, dem Upper Lake, um Plateau vun de Vindhya-Bierger.

Bhopal ass eng Industriestadt (cheemesche Industrie, Kotteng- a Edestengveraarbechtung), e Kulturzentrum mat enger Universitéit (1970 opgaangen) enger Musekakademie, Theater, Kinoen a Muséeën, ausserdem e Verkéierknuet (Strooss, Eisebunn, Fluchhafen).

Bhopal ass bekannt ginn duerch eng cheemesch Katastroph - bis ewell déi gréisst an der Geschicht. Den 3. Dezember 1984 sinn an der Fabrick vun der Union Carbide of India Limited, enger Duechtergesellschaft vun der Union Carbide Corporation, 40 Tonne Methylisocyanat (MIC) an d'Loft geroden an als Gëftgaswollek duerch de Slum just niewendrun gedriwwe ginn. No offiziellen Informatioune si 1.600 Mënschen direkt a ronn 6.000 méi an de Wochen a Méint duerno gestuerwen. Bis haut goufe ronn 20.000 Leit Affer vun der Katastroph, eng 100.000 Mënsche leiden u chronesche Kränkten, déi net ze heele sinn, an déi och Auswierkungen op hir Kanner hunn: All véiert Gebuert zu Bhopal ass eng Doudgebuert.

D'Firma Union Carbide, déi verantwortlech war, huet an de Joren duerno 690 Milliounen Dollar un den indesche Staat bezuelt. Just e klengen Deel vun där Zomm ass bei den Affer ukomm.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Darul Uloom Tajul Masjid, eng vun de gréisste Moscheeën an Indien, mat hire rosae Minaretten;
  • D'Jami Masjid-Moschee an der Alstad aus dem Joier 1837, gebaut op Uerder vun der Qudsia Begum (1801-1881);
  • D'Moti Masjid, eng Pärele-Moschee, gebuat 1860 vun der Qudsia hirer Duechter Sikander Begum (1818-1858);

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Dominique Lapierre a Javier Moro: Fünf nach zwölf in Bhopal. Die unglaubliche Geschichte der größten Giftgaskatastrophe unserer Zeit. Europa Verlag Wien 2004 (Original op Franséisch 2001). ISBN 3-203-79508-6
  • Georg Berkemer: Bhopal - 20 Jahre danach. Geographische Rundschau 56(12), S. 56 – 61 (2004), ISSN 0016-7460

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bhopal – Biller, Videoen oder Audiodateien