Blockchain

Vu Wikipedia
Vereinfacht Beschreiwung vun der Funktiounsweis vun der Blockchain

An der Informatik ass eng Blockchain (englesch fir "Blockketten") eng Lëscht aus eenzelen Datesäz (de "Bléck"), déi permanent kann erweidert ginn. Nei Bléck mat neien Informatioune gi mam Konsens vun engem Netzwierk kreéiert a mat Hëllef vu kryptographesche Methoden un eng existéierend Ketten ugehaangen.

All Block enthält eng kryptographesch Hashfunktioun (e Streewäert, eng eng Aart digitale Fangerofdrock vun den Daten) vum Block virdrun, en Zäitstempel an Transaktiounsdaten.

An de meeschte Fäll gi Blockchains vun engem Peer-to-Peer-Netzwierk geréiert. All Peers gebrauchen e gemeinsame Protokoll, dee festleet, wat se matenee kommunizéieren a wéi en neie Block erstellt a validéiert gëtt. Wa se bis erstellt a validéiert goufen, kënnen d'Daten an engem bestëmmt Block net méi ouni Weideres geännert ginn. Wann ee Block geännert gëtt, bedeit dat, datt all Bléck, déi duerno kommen, och geännert musse ginn. Jee no Protokoll brauch een dofir den Accord vun der Majoritéit vun de Peers oder souguer vun alle Peers.

D'Blockchain gouf 2008 vun enger Persoun (oder enger Grupp Persounen) mam Pseudonym Satoshi Nakamoto erfonnt, als ëffentlecht Transaktiounsbuch fir d'Kryptowärung Bitcoin. D'Identitéit vum Satoshi Nakamoto bleift onbekannt. D'Erfindung vun der Blockchain fir Bitcoin huet Bitcoin zur éischter digitaler Wärung gemaach, déi de Problem vun der duebeler Geldausgab[1] ouni eng vertrauenswierdeg Kontrollinstitutioun oder en zentrale Server léise konnt.

D'Blockchains si vun Haus aus sécher. D'Blockchaintechnologie gëtt iwwerall do agesat, wou eng korrekt Datenopzeechnung wichteg ass. Nieft de Kryptowärungen ass dat zum Beispill de Fall bei Krankenakten,[2] Identitéitsmanagement,[3] an dem Zeréckverfollege vu Liewensmëttel.[4]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Blockchain – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Duerch d'Blockchain ass et onméiglech, dee selwechten digitalen Token (een digitale Su) méi wéi eemol auszeginn, well et net méiglech ass deen ze duplizéieren oder ze fälschen.
  2. wsj.com: A Cryptocurrency Technology Finds New Use Tackling Coronavirus (14. September 2021)
  3. bitcoinmagazine.com: Microsoft Building Open Blockchain-Based Identity System With Blockstack, ConsenSys (3. Juni 2016)
  4. cnbc.com: IBM partners with Nestle, Unilever and other food giants to trace food contamination with blockchain (4. Oktober 2017)