Fangerofdrock

Vu Wikipedia
E Fangerofdrock

E Fangerofdrock (oder Daktylogramm) ass en Ofdrock vun den Dermatoglyphen (d. h. vum Muster, dat duerch d'Papillarfale vun der Haut gebilt gëtt) vun der Spëtzt vun engem Fanger. Well bis ewell nach keng zwéi Mënsche fonnt goufen, déi de selwechte Fangerofdrock hunn, geet een dovun aus, datt se eenzegaarteg sinn.

Kriminalistik[änneren | Quelltext änneren]

Fangerofdréck spillen an der Kriminalistik eng wichteg Roll fir Verdächteger z'identifizéieren, deenen hir Fangerofdréck op der Plaz vun der Dot fonnt goufen, an déi mat deenen an enger Datebank verglach ginn.

Den engleschen Naturwëssenschaftler Francis Galton an den argentinesche Kriminolog Ivan Vučetić gëllen als d'Erfinder vun der Identifizéierung vu Persounen duerch Fangerofdréck.

Biometrie[änneren | Quelltext änneren]

Och bei bestëmmte biometresche Systemer gëtt de Fangerofdrock, dee meeschtens elektresch (z. B. kapazitiv) ofgelies gëtt, geholl, fir eng Persoun z'identifizéieren. D'Sécherheet vu sou engem System ass awer net ze vill grouss, well e Fangerofdrock liicht nozemaachen ass.[1]

Déieren[änneren | Quelltext änneren]

Ausser de Primaten ass de Koala eent vun de wéinegen Déieren, deenen hir Fangerspëtze Papillarplien hunn, déi deene vum Mënsch gläichen.[2],[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fangerofdréck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Frank Rosengart: Wie kopiere ich einen Fingerabdruck?, CCC 2004
  2. Animal fingerprints, Schulprojekt
  3. Henneberg, Maciej; Lambert, Kosette M., Leigh, Chris M.: Fingerprint homoplasy: koalas and humans, naturalscience.com, 11. März 1997.