Boko Haram

Vu Wikipedia

Boko Haram ass eng fundamentalistesch islamistesch Terrororganisatioun, déi haaptsächlech am Norde vun Nigeria aktiv ass. Den Numm kann ee mat "Westlech Bildung ass verbueden" fräi iwwersetzen.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Virgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

Kaart iwwer de Gebrauch vun der Scharia an Nigeria:
- gréng: Staaten, an deenen d'Scharia keng Roll spillt;
- giel: Staaten, wou d'Scharia nëmmen am familiäre Recht agesat gëtt (Bestietness, Scheedung, Ierfschaft...);
- mof: Staaten, an deenen d'Scharia déi eenzeg legal Rechtsform ass

Schonn an den 1980er Jore gouf et haaptsächlech am Norde vun Nigeria Opstänn, déi d'Zil haten, déi säkular Verfassung duerch d'Scharia ze ersetzen. Obwuel Enn der 1990er Jore verschidde Staaten an Nordnigeria d'Scharia agefouert hunn, sinn d'Opstänn weidergaange fir an dëse Staaten en nach méi orthodoxen islamesche Regime anzeféieren.

Zu de spektakulärsten Opstänn zielen d'Maitatsine-Opstänn a Kano (1980), mä och wärend dem Rescht vun den 1980er an 1990er Jore goufen et widderholl hefteg Opstänn an Onrouen tëscht Moslemen an Net-Moslemen. De Grond war a ville Fäll net reliéise Fundamentalismus, mä eng Kombinatioun aus verschiddene Facteuren, dorënner Aarmut vun der lokaler Bevëlkerung a Mangel un Opstigs- a Liewensverbesserungsméiglechkeeten.

De charismatesche Priedeger Mohammed Yusuf konnt d'Versoe vun der korrupter Zentralregierung an der lokaler Elite an den Zesummebroch vum Sozialstaat ausnotzen, an domat vill jonk frustréiert Männer als Unhänger fir sech gewannen.[2] Och den Erfolleg vun der islamescher Revolutioun vum Aytollah Chomeini am Iran (1979) hat en motivéierenden Impakt op verschidden islamistesch Gruppéierungen an Nigeria an d'Koranschoule sinn, bedéngt duerch dem Land seng Kolonialgeschicht, souwisou besser ugesinn wéi de westlechen Erzéiungssystem.[3]

Geschicht vu Boko Haram[änneren | Quelltext änneren]

Boko Haram gëtt meescht als islamistesch Sekt (Ta'ida) ugesinn. Eng Sekt ass eng ofgetrennte Grupp am Islam, déi net d'Prinzipie vum Islam a Fro stellt, mä bei där bestëmmte fundamental Froen an deenen hir Interpretatioun als Grondlag an Ausdrock vun hirem Glawen déngen.[4] Boko Haram gëtt zu de fir den nigerianesche Staat am geféierlechste Sekte gezielt. Hire Grënner, de Mohammed Yusuf, huet d'Primärschoul ofgebrach an am Niger an am Tschad de Koran studéiert, éier hien an Nigeria zeréckgaangen ass an 2001 zu Maiduguri eng Sekt gegrënnt huet, déi deemools Yusufiyya genannt gouf. A senge radikale Priedegten huet hien all westlech Elementer an och vill him net konform islamesch Geléiert verurteelt an domat vill Unhänger erreecht.

Déi éischt frontal Ausernanersetzung tëscht de staatlechen Autoritéiten a Boko Haram gouf et 2009. De 25 Juni sinn Onrouen an der Stadt Bauchi am Bundesland mam selwechten Numm ausgebrach, déi sech séier op d'Bundesstaate Kano, Yobe a Borno verbreet hunn. Den direkte Grond war d'Zerstéierung vum Haaptquartéier vun der Sekt duerch d'Sécherheetskräft, bei där néng Membere verhaft a Waffe beschlagnahmt goufen. Stonne méi spéit hunn opbruecht Unhänger vun der Sekt d'Police, Kierchen, Schoulen, Moscheeën, Prisongen an aner staatlech Ariichtungen attackéiert. Déi krichsänlech Zoustänn hu bis zum 30. Juli gedauert a sinn eréischt mat der Verhaftung a mam Doud vum Mohammed Yusuf op en Enn gaangen. D'Kämpf hunn am Doud vun iwwer 700 Mënschen, dorënner villen Unhänger vu Boko Haram, an der Zerstéierung vun enger grousser Unzuel un ëffentleche Gebaier resultéiert.[5],[6]

Zanter dem Doud vum Mohammed Yusuf an der aussergeriichtlecher Exekutioun vum Haaptfinanzéierer vun der Sekt, dem Alhaji Buji Foi, huet sech d'Sekt nach weider radikaliséiert; trotzdeem ass et schwiereg, exakt Detailer iwwer déi haiteg Organisatioun vu Boko Haram erauszefannen.[7]

Am Januar 2012 huet d'Grupp Ansaru hir Oftrennung vu Boko Haram erkläert, well si de Massaker un der lokaler mosleemescher Bevëlkerung net weider wéilt toleréieren. Ansaru ass méi international ausgeriicht a kämpft fir de Retablissement vum islamistesche Sokotokalifat, net nëmmen an Nigeria, mä a Westafrika, wéi am Ufank vum 19. Joerhonnert zur Zäit vum Usman dan Fodio.[8],[9]

Am Abrëll 2014 huet Boko Haram weltwäit fir Opregung gesuergt wéi d'Grupp iwwer 200 Schülerinnen am Staat Borno entfouert huet.[10]

Am Mäerz 2015 huet se sech dem Islamesche Staat formell ugeschloss[11].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Boko Haram – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Adesoji, Abimbola. 2010. "The Boko Haram Uprising and Islamic Revivalism in Nigeria", Africa Spectrum, Vol. 45, Nr. 2, S. 100
  2. Danjibo, N. D. 2009. "Islamic Fundamentalism and Sectarian Violence: The 'Maitatsine' and 'Boko Haram' Crises in Northern Nigeria", Peace and Conflict Studies Programme, Institute of African Studies, University of Ibadan, S. 16-17
  3. Abimbola 2010, S. 97-98
  4. Danjibo 2009; S. 4
  5. Danjibo 2009, S. 10-11
  6. Adesoji 2010, S. 98
  7. ibidem
  8. Zenn, Jacon. 2013. "Cooperation or Competition - Boko Haram and Ansaru after the Mali Intervention", CTC Sentinel, Vol. 6, No. 3, S. 1-2
  9. U.S. House of Representatives. Committee on Homeland Security. 2013. "Boko Haram: Growing Threat to the U.S. Homeland", S. 16
  10. USA Today (online): Terrorists kidnap more than 200 Nigerian girls (21. Abrëll 2014)
  11. Terror-Allianz: Boko Haram leistet IS den Treueschwur, SPON 7. Mäerz 2015