Bombardement vun den Albertkanal-Brécken

Vu Wikipedia

D'Bombardement vun den Albertkanal-Brécken den 11. Mee 1940, war eng Missiuoun vun der belscher Aviatioun, fir dräi strateegesch wichteg Brécken iwwer den Albertkanal ze zerstéieren. Bei der selwechter Missioun sollt och nach Eisebunnsbréck vu Butgenbach zerstéiert ginn.

Déi dräi Brécken um Albertkanal waren d'Bréck vu Briegden, d'Bréck vu Veldwezelt an d'Bréck vu Vroenhoven. All déi Brécke konnten net vun den Ekippen déi dofir virgesi waren, gesprengt ginn, sief et datt den Zündmechanissem net funktionéiert hat, oder well, wéi bei deene vu Butgenbach a Vroenhoven, d'Bréckeposte vun der däitscher Arméi iwwerascht goufen, well déi scho mat Seegelfligeren hanner de belsche Linne gelant waren, an d'Mannschaften an de Bunkere bei de Brécken onschiedlech gemaach haten.

An der Erwaardung vun enger däitscher Attack hat d'Belsch gutt virgesuergt, fir der feindlecher Arméi de Virmarsch op belschem Buedem sou schwéier wéi méiglech ze maachen. Iwwer 800 strateegesch wichteg Konstruktioune ware minéiert ginn. Bei der Mobilisatioun vun de belschen Truppen déi sech haaptsächlech aus dem drëtten, véierten, fënneften a siwente Corps, souwéi aus engem Kavaleriescorps an der 2. Divisioun vun de Chasseurs ardennais zeummegesat hunn, gouf déi defensiv Aktioun verduebelt. Vun all deene minéierte Konstruktioune konnt en hallwe Prozent net gesprengt ginn, dorënner déi véier wichteg uewegenannte Brécken.

Den 10. Mee krut déi drëtt Grupp vum 3. Régiment d'Aeronautique déi zu Aalter stationéiert war, den Uerder déi Brécken déi net zerstéiert waren, ze bombardéieren. Well den Uerder zimmlech spéit owes koum, gouf d'Operatioun op den Dag duerno verluecht.

Déi wichtegst vun de Brécken um Albertkanal waren déi vu Vroenhoven a Velwezelt. Den 11. Mee moies tëscht véirel vir sechs a sechs Auer, si vum Fluchfeld vun Aalter 2 Pletone vun dräi Fairey Battle ënner dem Kommando vum Capitaine André Glorie gestart fir d'Brécken ze bombardéieren. Als Schutzbegleedung hate se 2 Pletone vun dräi Gloster déi zu Beauvechain eng Véirelstonn éischter fortgeflunn waren.

D'Fligere sinn déif geflunn, fir sou spéit wéi méiglech entdeckt ze ginn. Vun Tongeren un, si se ënner däitscht Buedemfeier vu motoriséierten Truppe geroden. No enger kuerzer Deviatioun no Norden, fir dem feindleche Beschoss z'entgoen. Wéi Fligeren um Objektiv ukomm waren, krute se hir Bommen, well den elektresche Mecanissem, warscheinlech duerch de Beschoss, defekt war net ausgeléist. Just den drëtte Fliger gouf seng Bomme lass, mä ouni grousse Schued un der Bréck ze maachen. De Fliger vum Capitaine Glorie wollt dunn nach eng zweet Kéier probéiere seng Bommen op der Bréck erofzewerfen. Dat sollt och net klappen, well de Fairey Battle dee schwéier beschiedegt war, bei Vlijtingen erofgetrollt ass.

Déi ganz Aktioun, hat kee Succès ze verbuchen, a vun de sechs Fairey Battle ass just een heemkomm.

E puer Deeg méi spéit, ass et belsche Buedemtruppe gelonge bis bei d'Bréck vu Briedgen virzestoussen, a sou konnt wéinstens déi gesprengt ginn.