Bouquiniste

Vu Wikipedia
E Bouquinistëstand, 2007

E Bouquiniste ass e Bicherverkeefer, deen op al oder Occasiouns-Bicher spezialiséiert ass, an dës zu Paräis, op de Quaie laanscht d'Seine zum Verkaf ubitt.

Dës Stänn sinn, um rietsen Uwänner, tëscht dem Pont Marie an dem Quai du Louvre an um lénksen Uwänner tëscht dem Quai de la Tournelle an dem quai Voltaire ze fannen. Wann de Stand zou ass, gionn d'Bicher a spezielle Këschte versuergt, déi fest installéiert sinn, an deenen hir Gréisst 1993 duerch en Arrêté genee festgeluecht gouf.

Bouquinistë laanscht d'Seine gëtt et zanter dem 16. Joerhonnert.1649 hunn d'Paräisser Librairen duerchgesat, e Reglement ze kréien, dat de Verkaf vu Bicher op der Strooss, um Pont Neuf, verbitt. An de Joerzéngten a Joerhonnerten duerno, gouf et méi oder manner nees erlaabt.

Gravure vum Marlet nom Adrien Victor Auger, Bouquiniste quai Voltaire 1821.

Den Ausdrock Bouquiniste ass 1789 eng éischt Kéier am Dictionnaire de l'Académie Française opgedaucht. E kënnt vu bouquin, wou een déi germanesch Wuerzel buk (Buch) erëmfënnt.

D'Bouquinistë laanscht d'Seine gehéiere mat zu der UNESCO-Kulturweltierwen. Et gëtt hautdesdaags eng 240 Bouquinisten, déi 900 "gréng Këschte" bedreiwen, an eng 300.000 antik oder Occasiouns-Bicher, mä och Zäitschreften, Timberen, Kaarten a soss Drocksaachen ubidden.[1].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Sybil Canac, Métiers de Paris, rares et insolites, photographies de Valérie Jacob, Éditions Massin, Paris, 2008.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bouquinisten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. À Paris, Le magazine municipal d'information, n° 29, hiver 2008-2009, S. 12
Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.