Bréck vu Fumay (D7)

Vu Wikipedia
Bréck vu Fumay vum lénksen Uwänner gesinn
Vue op d'Bréck an Direktioun Haybes

D'Bréck vu Fumay ass eng Stroossebréck iwwer d'Meuse an de franséischen Ardennen. Se verbënnt Fumay um lénksen Uwänner vun der Meuse mat Haybes um rietsen. Iwwer d'Bréck féiert d'Departementale D7.

Déi haiteg Bréck gouf 1966 gebaut an et ass eng Dunnebréck aus einfache Warren-Fachwierkdunnen. Se ass 8 Meter breet a 94 m laang, an et goufe beim Bau 300 Tonne Stol verschafft.

Déi éischt Bréck op der Plaz war eng Hänkbréck mat Ketten déi 1841 opgeriicht gi war.[1] 1886 gouf déi Bréck duerch eng stole Boubréck mam Bou iwwer der Fuerbunn ersat.

Am Ufank vum Zweete Weltkrich war d'Bréck deelweis zerstéiert ginn. Bei de Fléckaarbechte war deemools en Zaldot ëm d'Liewe komm, an dofir gouf se eng Zäit laang Pont Toussaint genannt.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Eugène Flachat et Jules Petiet: Mémoire sur les ponts suspendus avec câbles en ruban en fer laminé