Brauerei Locher AG

Vu Wikipedia
Dëse Brauereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Appenzeller Bier Locher Brandlöscher

D'Brauerei Locher AG ass eng Schwäizer Brauerei.

Vun 1886 un ass d'Brauerei an den Hänn vun der Famill Locher. Et ass déi lescht Brauerei am Appenzellerland.

Déi kleng Brauerei ass besonnesch bekannt wéinst hire villen an originelle Béierzorten.

1996: Locher braut deen éischte Schwäizer Bio-Béier, den Appenzeller Naturperle. Am selwechte Joer koum den éischte Schwäizer dréiwe Béier ouni Alkohol vu Locher op de Maart.

1997 gouf de Swiss Mountain Beer virgestallt, dee fir den Export geduecht war.

Wann een op d'mannst eng Pallett bestellt, kann ee sech de Locher-Béier och an d'Ausland liwwere loossen. Eng Pallett si 600 Fläschen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brauerei Locher – Biller, Videoen oder Audiodateien