Op den Inhalt sprangen

Breg

Vu Wikipedia
Breg
Längt 49 km
Hydrographesche
Baseng
Donau
Fläch vum Anzuchsgebitt 291,2 km²
Originn
Héicht 1.078 m
Koordinaten 48° 05’ 42.18’’ N
      08° 09’ 17.8’’ O
Leeft an Donau
Haaptnieweflëss Linach
Hammerbach

D'Breg ass e vun den zwéin Haaptquellflëss vun der Donau. Et ass och dee längsten.

D'Breg entspréngt am Schwarzwald op enger Héicht vun 1.078 Meter, ronn 6 Kilometer nordwestlech vu Furtwangen. Hir Quell, och Donauquell genannt, ass en Naturmonument. No engem Laf vun 49 Kilometer leeft se zu Donaueschingen mat der Brigach zesummen. Aus deem Zesummelaf entsteet d'Donau.

De Waasserbaseng vun der Breg huet eng Fläch vun 291,2 km², an hir Quell ass ronn 100 Meter vun der Europäescher Wasserscheed ewech, déi tëscht de Basenge vun der Donau a vum Rhäin ass.

 Commons: Breg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Zesummefloss vun der Breg (lénks) an der Brigach (riets)