Brescello
Ausgesinn
| Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Brescello | |
|---|---|
|
| |
|
| |
| Land | Italien |
| Regioun | Emilia-Romagna |
| Provënz | Reggio Emilia (RE) |
| Koordinaten | 44°54'0"N, 10°31'0"O |
| Fläch | 24,04 km² |
| Awunner | 5.630 (1. Januar 2023) |
| Héicht | 24 m |
| ISTAT | 035006 |
|
| |
|
| |

Brescello ass eng italieenesch Uertschaft vu ronn 5000 Awunner an der Provënz Reggio Emilia an der Regioun Emilia-Romagna. Si läit un den Uwänner vum Po. Weltwäit bekannt gouf dës Uertschaft, well do an de fofzeger Joren d'Geschichte vum Don Camillo a Peppone gefilmt goufen, an zwar op der Grondlag vun de Romaner vum Giovannino Guareschi. Zu Brescello gëtt et och e Musée iwwer dëse Film, a virun der Kierch steet eng Statu vum Fernandel. Den Theater vu Brescello dréit dem Gino Cervi, deen Acteur deen de Peppone gespillt huet, säin Numm.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]
D'Klacke vu Brescello ? / i Dee Klang ass aus dem Film vum Don Camillo bekannt.

Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Auf den Spuren von Don Camillo und Peppone (de)
- Offiziell Säit vu Brescello (it)
- Säit iwwer Brescello (fr)
- Säit iwwer de Film vum Julien Duvivier: "Le petit monde de Don Camillo (fr)
- Offiziell Säit iwwer de Fernandel (fr)
| Commons: Brescello – Biller, Videoen oder Audiodateien |
