Britteschen Antarkteschen Territoire

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Britteschen Antarkteschen Territoire (engl. British Antarctic Territory, kuerz BAT) ass e brittescht Iwwerséigebitt am Südatlantik. Et ëmfaasst den Territoire vun der Antarktis südlech vum 60. Breetegrad Süd an tëscht 20° and 80° westlech Längt.[1]

Nieft engem Secteur vum antarktesche Festland bis zum Südpol inklusiv vun der Antarktescher Hallefinsel, sinn och d'Inselgruppe vun de Südlechen Orkneyinselen an de Südleche Shetlandinsele Bestanddeel vum BAT. Den Territoire gëtt, wéi all Uspréch am antarktesche Gebitt südlech vum 60. Breetegrad, international net unerkannt, well en ënner den Antarktisvertrag fält, deen d'Souveränitéit vun engem Staat an der Antarktis verbitt. Bis op e puer Fuerschungsstatioune vu verschiddenen Natiounen ass dëst Gebitt net bewunnt.

Dat ganzt Gebitt, besonnesch d'Antarktesch Hallefinsel, gëtt och an Deeler vun Argentinien, Chile a Brasilien revendiquéiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Säit vum brittesche Foreign Office (en)