Broadway Tuerm

Vu Wikipedia
De Broadway Tuerm

De Broadway Tuerm mat enger Héicht vu bal 17 Meter ass en extravagant Gebai no beim Duerf Broadway, am Worcestershire an England.

E steet op enger Héicht vun 312 Meter iwwer dem Mieresspigel. Wann d'Wieder matspillt, si vun do aus 13 Counties ze gesinn. De Broadway Tuerm sollt engem Schlass gläichen, a gouf vum James Wyatt entworf, a 1797 fir d'Lady Coventry gebaut. Den Hiwwel, op deem de Schlass-Tuerm opgeriicht gouf, ass déi Zäit geleeëntlech gebraucht gi fir Freedefeieren ofzebrennen.

Eigentlech ass den Tuerm nëmme gebaut ginn, well d'Lady Coventry wollt wëssen, ob een d'Freedefeier kéint vun hirem Haus zu Worcester aus gesinn, wat och de Fall war.

Am Laf vun de Jore gouf den Tuerm nach gebraucht fir dem Sir Thomas Phillips senger Dréckerei en Ënnerdaach ze ginn. En huet och als Summerhaus fir Kënschtler gedéngt.

Am beschte kënnt ee bei den Tuerm iwwer e géie Wee, dee vum Duerf eropféiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Broadway Tower – Biller, Videoen oder Audiodateien