Bronisław Geremek

Vu Wikipedia
Bronisław Geremek
Gebuertsnumm Benjamin Lewertow
Gebuer 6. Mäerz 1932
Warschau
Gestuerwen 13. Juli 2008
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Polen
Educatioun École pratique des hautes études
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Neizäithistoriker, Historiker, Schrëftsteller, Gewerkschaftler, Medievist
Partei Polska Zjednoczona Partia Robotnicza
Member vun Academia Europaea, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie

De Bronisław Geremek, gebuer de 6. Mäerz 1932 zu Warschau a gestuerwen den 13. Juli 2008 zu Lubień bei Nowy Tomyśl, war e polneschen Historiker a liberale Politiker.

Seng Eltere sinn am Holocaust ermuert ginn, hie selwer huet an enger polnescher Famill iwwerlieft. Hien huet op der Universitéit Warschau Geschicht studéiert, gouf 1955 Magister, ass 1960 promovéiert an huet 1972 op der Polnescher Akademie vun de Wëssenschaften (PAN) habilitéiert. 1989 gouf de Geremek Professer fir mëttelalterlech Geschicht a krut iwwer 20 Éierendoktertitelen.

1962–65 war en Dozent op der Paräisser Sorbonne, 1992/93 Gaaschtprofesser um Collège de France; hie gouf 2002 Professer um Collège d'Europe zu Natolin bei Warschau.

De Geremek war vun 1950 bis 1968 Member vun der kommunistescher PVAP. 1980 war e Conseiller vun der Solidarność. Wéi 1981 d'Krichsrecht ausgeruff gouf, gouf en an de Prisong gestach.

1989 war hie bei de Gespréicher um Ronnen Dësch dobäi. Vun 1990 u war e Member vun der liberaler Partei Unia Demokratyczna (UD) an hirer Nofollgerpartei, der Unia Wolności (UW). Tëscht 2000 an 2001 war hie President vun der UW.

1989–2001 war de Geremek Member vum Sejm, dem Polnesche Parlament. Vun 1997 bis 2000 war en an der Regierung Buzek Ausseminister. Hie krut 1998 de Karlspräis. 2004 gouf de Geremek Member vum Europäesche Parlament (ALDE).

Hien ass 2008 bei engem Autosaccident leie bliwwen.

Commons: Bronisław Geremek – Biller, Videoen oder Audiodateien

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Geschichte der Armut: Elend und Barmherzigkeit in Europa, Artemis-Verlag, München 1988, ISBN 3-7608-1917-6
  • Inutiles au Monde. Vagabonds et marginaux en Europe aux XIVe-XVIe siècle, Paris 1980
  • The Common Roots of Europe, Polity Press, Cambridge, 1996;

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]