Bruno Jung

Vu Wikipedia
Bruno Jung
Gebuertsnumm Bruno Karl August Jung
Gebuer 2. Abrëll 1886
Essen
Gestuerwen 13. Dezember 1966
Göttingen
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker, Jurist
Partei NSDAP, Deutsche Volkspartei

De Bruno Karl August Jung, gebuer den 2. Abrëll 1886 zu Essen a gestuerwen den 13. Dezember 1966 zu Göttingen, war en däitsche Politiker, deen am Zweete Weltkrich Landrat zu Lëtzebuerg war.[1]

Oberbürgermeister vu Göttingen[änneren | Quelltext änneren]

De Bruno Jung huet zu Leipzig an zu Münster Jura studéiert an 1909 zu Erlangen promovéiert. 1926 gouf hien Oberbürgermeister vu Göttingen. Donieft huet hien och op der Universitéit vu Göttingen Sozialwëssenschaften enseignéiert a gouf 1932 Honorarprofesser.

Am Abrëll 1938 ass säi Mandat als Oberbürgermeister regulär ofgelaf. De Jung huet awer op eng Demande fir eng Verlängerung verzicht, well hien anscheinend net genuch Ënnerstëtzung bei der Partei hat, trotzdeem hien 1937 an d'NSDAP agetruede war. De Jung goung op Hannover, wou hien als haaptamtleche Member vum Stadrot d'Dezernat für städtische Fürsorge iwwerholl huet. Am Mäerz 1940 ass hien op Oldenburg bei de Stalling-Verlag, deen ë. a. d'Wierker vun nationalsozialisteschen Auteure wéi de Wilhelm Frick an de Joseph Goebbels editéiert huet, iwwergewiesselt.

Landrat vum Krees Esch[änneren | Quelltext änneren]

Als Nächstes krut de Jung eng Ernennung als stellvertriedende Landrat vum Krees Esch, wou hie vum Oktober 1941 bis Enn Juni 1944 amtéiert huet. Dono huet hie Lëtzebuerg verlooss an huet als kommissaresche Landrat déi vakant Plaz vum Landrat vum Krees Zell iwwerholl.

Zu Esch ass de Jung de 5. Juli 1944 offiziell verabschit ginn. Zu Zell war hie bis Enn Februar 1945. Nom Krich ass hien op Göttingen gaangen. D'Englänner hunn hien eng Zäit laang am fréiere KZ Hamburg-Neuengamme inhaftéiert, dono awer erëm fräigelooss, well him näischt nogewise konnt ginn, wat strofbar gewiescht wier.

Éierebierger vu Göttingen a Poleemik ëm de Bruno-Jung-Weg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Göttingen huet de Jung seng fréier Charge als Professer op der Universitéit nees opgeholl. Hie gouf Member vun der FDP, ouni awer politesch aktiv ze sinn. 1961 gouf de Jung Éierebierger vu Göttingen. 1970 ass do e Wee no him genannt ginn, de Bruno-Jung-Weg.[2] Am Februar 2016 huet de Kulturausschuss vun der Stad Göttingen proposéiert, deem Wee en aneren Numm ze ginn, well de Jung sech wärend der Nazizäit als Landrat zu Lëtzebuerg schëlleg gemaach hätt.[3] Konkreet virgeworf gouf him seng Ënnerschrëft ënner der “Bekanntmachung über die Erfassung der Jahrgänge 1920-1924 zum Wehrdienst im Kreise Esch-Alzig“ vum 3. September 1942, déi den 8. September 1942 am Escher Tageblatt publizéiert gouf. Hei heescht et, datt all männlech Lëtzebuerger vun de Joergäng 1920 bis 1924 sech op der Gemeng melle missten, fir erfaasst ze ginn. A wien dat net oder net pünktlech maache géif, dee géif schwéier bestrooft ginn.[4]

Et war natierlech net de Jung, deen d'Zwangsrekrutéierung agefouert huet. Säi Communiqué, war déi administrativ Konsequenz vun der Verordnung des Chefs der Zivilverwaltung in Luxemburg über die Wehrpflicht in Luxemburg vum 30. August 1942, op déi Lëtzebuerg mat engem Generalstreik am August reagéiert hat. En änleche Communiqué wéi dee vum Jung ass och vu senge Kolleegen aus deenen anere Landkreesser publizéiert ginn.[5] Och do goufe streng Strofen ugedreet, wann ee sech net melle géif.

Dat ännert awer näischt drun, datt de Stadrot vu Göttingen de 15. Abrëll 2016 decidéiert huet, dem Bruno-Jung-Weg en aneren Numm ze ginn.[1]

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Der Bürgermeister als Diener des Volkes. Stuttgart ; Berlin: Kohlhammer, 1937, 165 S. (Aus: Der Gemeindetag. Jg. 1936).
  • Der Einfluss der Wirtschaftskrise auf die Durchführung des Schwerbeschädigten-Gesetzes. Mannheim ; Berlin ; Leipzig: Bensheimer, 1932, 40 S.
  • Selbsthilfe oder Untergang. Oldenburg: Stalling, [1931], 23 S. (zesumme mam Jens Jessen).
  • Aufbau und Aufgaben des Landesfürsorgeverbandes. Münster i. W., Johannisstr. 9: Westfälische Verwaltungsakademie, 1926, 34 S.
  • Westfälische Heimfürsorge in Wort und Bild. Oldenburg: Stalling, 1926, 249 S. (zesumme mam Adolf Wolters).
  • Beiträge zur sozialen Fürsorge. Hrsg. im Auftrage des Westfälischen Provinzialverbandes von Bruno Jung und Heinrich Weber. 8 Bände. Münster: Aschendorff, 1925–1927.
  • Das materielle Fürsorgerecht nach d. Reichsgrundsätzen über Voraussetzung, Art und Maß der öffentlichen Fürsorge vom 4. Dezember 1924. Berlin-Dahlem [Altensteinstr. 51]: Wichern-Verlag, 1925, 76 S.
  • Die öffentliche und private Wohlfahrtspflege in Deutschland nach der Reichsverordnung über die Fürsorgepflicht vom 13. Februar 1924. M. Gladbach: Volksvereins-Verlag, 1924, 84 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Massard 2018a, Massard 2018b.
  2. Tamke, G. & R. Driever, 2012. Göttinger Straßennamen. 3. neu überarb., wesentl. erw. Aufl., Stadt Göttingen.
  3. Göttinger Tageblatt 2016-02-26, online (Bruno-Jung-Weg soll umbenannt werden).
    Göttinger Tageblatt 2016-03-11, online (Ein Nazi-Täter aus Göttingen, Gestapo-Mann Friedrich Schmidt. — Kriegsverbrecher Dr. Bruno Jung.)
    Massard 2018a, Massard 2018b.
  4. Escher Tageblatt 1942-09-08, S. 8.
  5. Bekanntmachung über die Erfassung der männlichen Jugendlichen der Geburtsjahrgänge 1920–1924 aus dem Kreise Grevenmacher für den Wehrdienst. – Bekanntmachung über die Erfassung der Jahrgänge 1920–1924 zum Wehrdienst im Kreis Diekirch. Luxemburger Wort 1942-09-07, S. 6.
    Bekanntmachung über die Erfassung der Wehrpflichtigen [betr. Stadt Luxemburg]. Luxemburger Wort 1942-09-10, S. 6.