Buerg Guttenberg

Vu Wikipedia
D'Buerg Guttenberg am Mee 2005

D'Buerg Guttenberg steet zu Neckarmühlbach, engem Uertschaftsdeel vun Haßmersheim a Baden-Württemberg, a staamt aus dem Héichmëttelalter.

Fir d'éischt gouf d'Buerg 1265 ernimmt. Hir Originne ginn op d'Staufer zeréck, a si war bis an d'Mëtt vum 15. Joerhonnert de Sëtz vun den Häre vu Weinsberg. Den Hans de Räichen huet se 1449 kaaft, an zanterhier ass se de Sëtz vun de Fräihäre vu Gemmingen-Guttenberg.

Vun alle Buergen am Dall vun der Neckar ass d'Buerg Guttenberg am beschten erhalen. Deen eelsten Deel vun der Buerg staamt aus dem 13. Joerhonnert, d'Wunngebai an d'Fortifikatioune si méi rezent. Eng éischt Kapell gouf net wäit ewech vun der Buerg opgeriicht, déi haiteg gouf 1471 gebaut.

Eng Gräifvullestatioun gouf 1970 an der Buerg ageriicht.

Warnschëld op der Buerg

Kuckeswäert ass de Buergmusée mat enger Holzbibliothéik aus dem Joer 1790, an där 93 Bam- an Trauschzorten mat hirem Som, de Schëtz, de Wuerzelen, de Blieder, hire Schuelen an den Holzstrukturen dokumentéiert an ausgestallt sinn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Burg Guttenberg – Biller, Videoen oder Audiodateien