Buerg Himeji

Vu Wikipedia
Buerg Himeji
Land Japan
Gemeng Himeji
Plaz Himeji Park
Koordinaten 34°50'22"N, 134°41'37"O
Fläch 107 ha
Statut Weltierwen
Datum vum Bau 1346 (julianesch)

D'Buerg Himeji (Japanesch: 姫路城, Himeji-jō, ass eng Buerg an der Stad Himeji an der japanescher Prefektur Hyōgo.

Si geet, an hirer haiteger Form, op dat fréit 17. Joerhonnert zeréck. D'Buerganlag besteet aus 83 eenzele Gebaier. Si gëllt als dat schéinst Beispill vum japanesche Buergebau an huet wéinst hire wäisse Fassaden an Diech de Spëtznumm Shirasagijō (ja: 白鷺城, "Wäisse-Räer-Buerg“). Trotz hirer architektonescher Schéinheet, wéi z. B. hirem spiralfërmege Grondrëss, ass si och vun engem verdeedegungstechnesche Point-de-vue héich entwéckelt, sou datt se de Ruff hat, net kënnen eruewert ze ginn.

D'Buerg vun Himeji gehéiert zu den Nationale Kulturschätz vu Japan, gouf 1956 zu engem besonneschen historesche Site (tokubetsu shiseki) erkläert an 1993 vun der UNESCO als Weltkulturierwen unerkannt.[1]

D'Diech an d'Mauere vun der Buerg goufen 2010-2015 renovéiert,[2]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Gebaier vun der Buerg goufen am Ufank vun der Muromachi-Zäit ëm d'Joer 1346, no Pläng vum Architekt Akamatsu Sadanori gebaut. 1580 koum et zu engem groussen Ausbau, wéi den Toyotomi Hideyoshi d'Buerg iwwerholl huet an dräistäckeg Buergtierm baue gelooss huet.

No der Schluecht vu Sekigahara goung d'Buerg un den Tokugawa Ieyasu, dee se kuerz dono dem Ikeda Terumasa iwwerlooss huet. Deen huet se tëscht 1601 an 1609 mat typeschen Elementer aus der Momoyama-Zäit zu hirer haiteger Form ausbaue gelooss; ë. a. koum dat fënnefstäckegt Haaptgebai (ja: 天守閣, tenshukaku), eng Zort Buergfrid, derbäi. 1618 gouf d'Buerg eng lescht Kéier nach eppes méi ausgebaut.

De Residenzbau gouf no 1868 ofgerappt, d'Wieranlagen an d'Haaptgebai, dat ni geduecht war fir dran ze wunnen, blouwen erhalen.

Himeji-jō gëtt dacks als Filmkuliss benotzt, wéi z. B. am James-Bond-Film You Only Live Twice (1967), dem Film Ran (1985) vum Akira Kurosawa oder Last Samurai (2003).

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Oleg Benesch und Ran Zwigenberg: Japan's Castles: Citadels of Modernity in War and Peace. Cambridge, 2019, ISBN 9781108481946.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Buerg Himeji – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Himeji-jo" op unesco.org, gekuckt 2017-09-06.
  2. Plang vun den Aarbechten.