Buerg vum Valère
|
d'Basiika vum Valère virum Haut de Cry | |
| Geographesch Donnéeën | |
|---|---|
| Land | Schwäiz |
| Gemeng | Sion |
| Koordinaten | 46°14'2"N, 7°21'52"O |
| Donnéeë vum Gebai | |
| Datum vum Bau | 10. Joerhonnert (julianesch) |
| Genannt no | Valeriana |
|
| |
D'Buerg (vum) Valère (Château de Valère), och Basilika (vum) Valère (Basilique de Valère) genannt, ass eng réimesch-kathoulesch befestegt Kierch zu Sion am Schwäizer Kanton Wallis.
Se läit op engem Hiwwel, vis-à-vis vum Château de Tourbillon, dat op engem aneren Hiwwel steet. Wéinst der räicher Flora a Fauna ronderëm den Hiwwel, mat ville raren Aarten, gouf et 1977 als eng national Schwäizer Ierfschaft klasséiert.
D'Kierchegebai selwer steet op der 615 m héijer Spëtzt vum Hiwwel, ronderëm sinn e puer Gebaier an d'Befestegungsmauer.
Déi eelst Deeler am romanesche Stil sinn aus der éischter Hallschecht vum 12. Joerhonnert; am 13. Joerhonert goufen ë. a. 2 Säiteschëffer am gotesche Stil bäigebaut. Déi lescht méi grouss Ännerunge sinn aus dem 17. Joerhonnert.
1987 krut et vum Poopst Jean-Paul II. de Status vun enger Basilica minor.
D'Origine vum Numm, deen op e Fraennumm (haut: Valérie) zeréckgeet, ass net eendeiteg beluecht. Et ass méiglech, datt e sech op d'Valeriana, d'Mamm vum réimesche Konsul Titus Campanius Priscus Maximianus bezitt, déi nom Doud vun hirem Jong zu Sion e Monument fir hien opriichte gelooss huet.
D'Uergel an der Basilika geet an d'1430er Joren zeréck an ass domat eng vun den eelsten Uergelen iwwerhaapt, déi nach fonctionéieren.
Biller
[änneren | Quelltext änneren]- Valère an Tourbillon vu Weste gekuckt.
- D'Uergel.
- Vue vu Süden aus.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Buerg vum Valère – Biller, Videoen oder Audiodateien |
